
© Akim Schmit
Dass et net ëmmer op t‘Gréisst ukënnt, dat mengt op t’mannst den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp. Hien war fir eis eng Woch lang mat engem vun de klengsten Autoen ënnerwee, déi et aktuell am Land ze kafe gëtt, dem neie Kia Picanto.
An do stoung als Papp fir d’Alleréischt mol d’Fro am Raum: passt do iwwerhaapt e Kannersëtz eran? D’Äntwert vir ewech: jo, e passt, ma vill Loft bleift net. Plaz ass deemno am klengsten Auto. Grad emol 3,60 Meter ass de Picanto laang, dat entsprécht dem Radstand vun engem Mercedes-Benz Sprinter. Dobäi komme 5 Dieren an eng kleng, awer ëmmer nach brauchbar Mall an de Fakt, dass de Picanto wéineg Konkurrenz huet. E Renault Twingo, en Opel Adam oder e VW Up gëtt et nämlech net méi.
Lo gesäit den neie Picanto fir mech awer net ewéi eng Noutléisung aus…
Ganz esou nei ass de Picanto net, d’Basis ass nach ëmmer de Modell, dee schonn 2017 virgestallt, 2020 en éischten an elo en zweete Facelift spendéiert krut. An dee mécht uerdentlech eppes hir: de Picanto krut nämlech eng komplett nei Frontpartie an der aktueller Designsprooch vu Kia, nei Réckluuchten an nei Faarwe spendéiert. Dat gesäit richteg gutt aus, zumol als GT-Line, mat där eisen Testauto ekipéiert war.
Geet et da bannendran och esou sportlech viru?
Bannendra sinn d’Instrumenter elo digital, a Villes gëtt iwwert den Ecran vum Infotainmentsystem gesteiert an all déi nei, nëtzlech oder nerveg, Assistenzsystemer si mat u Bord. Manner modern ass dogéint d’Armaturebried, wat aus haardem Plastik ass an e gewësse Retro-Charme verbreet. Fir manner Begeeschterung huet d’Ergonomie bei mir gesuergt: d’Steierrad ass just an der Héicht verstellbar an ech hat Problemer meng Sëtzpositioun ze fannen. D’Sëtzer sinn éischter fir kuerz Strecken ausgeluecht a bidde wéineg Säitenhalt, a wann de Chauffer grouss gewuess ass, gëtt aus dem Picanto och alt mol en Zweesëtzer.
Du hues d’GT-Line ernimmt, wéi sportlech ass de Kia Picanto dann?
De Pabeier ass gedëlleg heescht et, abee, hei ass dat och de Fall. Ënnert dem Capot stiechen en 1 Liter Dräizylinder Bensinner mat 63 Päerd, oder, wéi an eisem Testauto, en 1,2 Liter Véierzylinder Bensinner mat 79 Päerd. An dee wëll bei Laun gehale ginn, dat heescht héich Dréizuelen, vill schalten a vill Duuscht. Meng Moyenne louch bei 6 Liter op 100 Kilometer. Mee genuch gemeckert, de Picanto huet och seng Stäerkten. Gutt gefall hu mer dat strafft Fuerwierk, déi erstaunlech bësseg Bremsen an déi direkt Steierung. Ënnert dem Stréch ass e flott ze fueren, besonnesch wann een d’Autobunn lénks leie léisst an iwwer Land ënnerwee ass.
Komm mir schwätzen nach iwwert d’Suen: klengen Auto, klenge Präis?
Ganz esou bëlleg wéi an der Zäit ass de Picanto net méi. Lass geet et bei 15.700 Euro fir de „klenge“ Bensinner. Mat GT-Line an dem 1,2 Liter Véierzylinder läit ee bei 20.400 Euro.