Am Automag presentéiere mir iech a leschter Zäit ëmmer méi dacks Elektro-Autoen. Dat ass haut awer net de Fall. De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun ass esouwuel mat engem Bensinner wéi och mat engem Diesel ënnerwee.

28/10/2024 Automag: Audi A5/S5

Jo awer mat der selwechter Mark, respektiv mam selwechte Model. An dat war den Audi A5, respektiv den Audi S5. Den A5 ersetzt elo den A4. Bei Audi wëll een nämlech, datt de potentielle Client an Zukunft méi einfach weess, op et sech ëm ee Verbrennermotor handelt oder een Auto mat Elektro Undriff. Alleguerten déi Modeller, déi eng gerued Zuel hunn, sinn Elektroautoen, alleguerten déi mat enger ongerueder Zuel, sinn der mat Diesel oder Bensinn Aggregat. Dräi 5. konnt ech fueren. Engersäits den S5 anersäits den A5 am Diesel an och dee mat Bensinn.

RTL

Wann ech richteg informéiert sinn, da sinn d'"S-Modeller" déi mat ville Päerd ënnert der Hauf...

Dat ass esou. Konkret schwätze mir vun engem 3 Liter V6-Motor, mat 367 Päerd. Ënnerstëtzt gëtt de Bensinner awer och vun engem klengen Elektromotor vun 48 Volt, deen nach eng Kéier 24 Päerd liwwert. Datt Audi um 6 Zylinder fest hält dierft wuel déi meescht Leit freeën. Ech zielen dozou. Den Auto gëtt et als Avant an als Sedan. Also mat enger flaache Heckscheif. Deen hat ech ënnert de Rieder. An deen huet Spaass gemaach. D'Lenkung ass extrem präzis. De Quattro pecht um Buedem an hie freet quasi duerno, fir vun enger an déi aner Kéier katapultéiert ze ginn. Hei kennt de laange Radstand, dem Auto sécherlech zegutt. A 4,5 Sekonnen, ass een aus dem Stand vun 0 op 100.

Wéi gesäit et dann mat deene Modeller aus, déi manner PS hunn?

Den normalen A5 an de Bensinner Ausféierungen, fänkt mat engem 2 Liter, 4 Zylinder mat 110kW un. Dat sinn also 150 Päerd. Et gëtt awer och nach ee mat 204 PS. Dee sinn ech awer net gefuer. Den 150 PS staarke Modell, denken ech, kritt et relativ schwéier fir sech géint deen anere Modell duerchzesetzen. Et feelen einfach e puer Päerd. Dat fält engem elo net op, wann een iwwer normal Landstroosse fiert, oder iwwer d'Autobunn. Wann et allerdéngs iwwer eng méi laang Streck Biergop geet, dann deet den Auto sech awer relativ schwéier an d'Boîte muss op Accord Aarbecht ëmstellen. Dobäi mécht de Motor och nach vill Kaméidi. De Modell mat 110 kW, kritt een och just als 2 Rad gedriwwen. Beim 204 PS staarken Modell, do kann een tëscht 2 Rad a Quattro wielen. Béid Modeller ginn et och nees an der Avant oder an der Sedan Versioun. 

RTL

Last but not least bass de awer och nach Diesel Versioun gefuer... 

An déi sinn ech gäre gefuer. Domadder kann ech emol direkt ufänken. Dee Motor huet alles wat ee brauch. A virun allem hien "dieselt" net. Wëll heeschen, dat den Auto och wierklech ee flotte Klang huet. Den Diesel gëtt et just mat 204 Päerd. An déi sinn optimal fir dësen Auto. Et huet een Dréimoment, an d'Boîte schalt, wann se muss schalten. Virun allem bei Diesel Autoen, interesséiert ëmmer de Verbrauch. De louch beim Test bei 7,7 Liter. Dat ass sécherlech kee Spëtzewäert. Et muss een awer fairerweis soen, datt d'Teststrecken net esou ausgeluecht waren, fir extrem ekonomesch ënnerwee ze sinn. Hei huet Audi mat oppene Kaarte gespillt. Ech denken, wann's de mam A5 Diesel laanscht Musel a Sauer ënnerwee bass, datt dann de Verbrauch nach wesentlech zeréck geet.

Lo hu mir schonns relativ vill iwwer déi verschidde Motorisatioune geschwat. Wéi gesäit et bannen am Auto aus?

Do brauche mir net laang rondrëm de Bräi ze schwätzen. Alles ass iwwersiichtlech an duerchduecht ubruecht.Ee Minus ass awer d'Mall. Déi huet just ee Volummen, vu 476 bis 1.495 Liter. Do ginn et Konkurrenzmodeller déi méi ze bidden hunn.

Wéi gesäit däi Fazit aus?

Déi 3 Modeller, sinn ech an engem Dag gefuer. Do bleift net esouvill Zäit, fir d'Autoen op Häerz an Nieren ze testen. Wat ech awer zeréck behalen ass de Faite, datt den Diesel mir immens gutt gefall huet. Et kennt net méi dacks vir, datt mir Diesel Autoen am Test hunn. Dofir ass et fir eis awer nees flott, wann's de een Diesel wéi den Audi A5 hues, wou et praktesch näischt ze meckere gëtt. Audi war bekannt datt d'Optiounslëscht laang war an och dacks komplizéiert. Hei passt een sech zu Ingolstadt dem neien Trend, zum Deel, un. Serieméisseg ass elo méi am Basispräis mat dran. A wann een an den Optiounskatalog geet, dann ass deen och méi iwwersiichtlech. Basis ass hei den Tech Package, deen een dann duerch den Tech Plus an den Tech Pro kann upgraden.    

RTL