
Am Automag geet et haut "Back to the Future". Mir schwätzen nämlech iwwer eng Legend. D'R5 ass nämlech nees zeréck. Déi kleng Franséisin, koum 1972 op de Marché a gouf bis 1996 gebaut. Duerno war Schluss. Elo ass den Auto awer nees do. De Rich Simon hat d'Chance d'R5 ze fueren. Ech denken, du waars gespaant, wat op dech duerkomme géif....
Do hues du komplett Recht. Op een Auto wéi den R5 freet ee sech schonns am Virfeld. Villäicht virun allem, wann een sech nach gutt un déi Joren erënnert, an deenen den R5 esou present op eise Stroosse war wéi de Bréifdréier. Ech weess net op et vill Famillje bei eis am Land ginn, wou net iergendeen eng R5 virun der Dier stoen hat. Den Auto ass iwwer 3 Joerzéngten ewech gaange wéi waarm Bréidercher. Dat hat zum Deel mat sengem Design ze dinn. An deen Design ass elo no knapp 30 Joer nach ëmmer speziell. Och eng Persoun déi sech net all Dag mat Autoe beschäftegt, erkennt direkt, datt et eng R5 ass. Retro Style ass bei dësem Modell In. An dat ass och gutt esou. Wann's de mat der R5 ënnerwee bass, da kucken d'Leit op dech, also besser gesot op den Auto an déi ganz séier huelen den Handy eraus, fir eng Foto ze maachen.

Dann huel eis emol mat op d'Strooss...
Déi nei R5, gëtt et just als Elektroauto. Da gëtt et den Ament och just eng Batterie. D'R5 déi elo um Marché ass, ass déi mat 150 Päerd. Bei ronn annerhallwer Tonn Gewiicht, ass dat sécherlech keng Rennmaschinn. Den Auto gesäit definitiv méi séier aus wéi en ass. Dat soll awer elo keng Kritik sinn. Déi 150 PS gi fëllegen duer a kommen aus enger 52 kWh Batterie. Mat där soll ee 410 Kilometer wäit kommen. Beim eisem Test, louch de Verbrauch bei gudde 14,4 kWh/100. Dat dierft dann eng reell Autonomie, vu ronn 350 Kilometer sinn. Mat maximal 100 kW ka geluede ginn. Un enger 11 kW Wallbox, ass d'Batterie vun 10 op 100 Prozent a 4,5 Stonnen, nees voll.

D'maximal Vitess vun der R5, läit bei 150 Kilometer an der Stonn. Ass een an deen Sphären ënnerwee, da mécht den Auto dach relativ vill Wandgeräicher. Dat ass awer och schonns praktesch déi eenzeg Kritik déi ech hunn. Soss fiert den Auto sech gutt. Wärend dem Test war zum Deel décken Aquaplaning op der Strooss, dat huet d'R5 awer weider net aus der Rou bruecht. Esouguer d'Assistenzsystemer, waren an de schwéiere Wiederkonditiounen net iwwerfuerdert.
Wéi gesäit et bannen am Auto aus?
Cool. Jo et ass haarde Plastik verschafft, awer an enger relativ gudder Qualitéit. Véier Erwuessener, wa se net ze grouss sinn, hunn an deem dach kompakten Auto, relativ gutt Platz. D'Sëtzer si sportlech ausgeluecht, ouni datt een sech awer ageengt fillt. D'Steierrad läit gutt an der Hand an iwwer een 10 Zoll Display, kennt een an déi verschidde Menüen.
Domadder wier mir beim Infotainment: Do ass an der R5 mat ChatGPT, elo och déi kënschtlech Intelligenz present. A dat a Form vun engem Avatar, deen der iwwerall oder bal iwwerall, ënnert d'Äerm gräift wou e gebraucht gëtt. Den Avatar heescht iwwregens, RENO. Dee seet dir zum Beispill, wat's de alles muss kucke goen, wann's de an iergendenger Stad bass an du hues just e puer Stonnen Zäit, fir eng Sightseeing Tour. Wann's de awer zum Beispill och Loscht hues, fir dir owes eng Spaghetti Carbonara ze kachen an du kanns dech net méi un d'Rezept erënneren, kee Problem; Fro de RENO! D'R5 ass den éischte Modell vu Renault, wou de RENO an den Asaz kennt. Aner Modeller dierfte lues awer sécher nozéien.
Wéi denks du, datt den Auto bei de Leit ukënnt?
Ech denken, datt d'R5 och elo nees richteg gutt verkaaft gëtt. Du hues eng potentiell Clientèle, ech nenne se mol nostalgesch Clientèle, déi sech den R5 als zweet oder esouguer als drëtt Auto kafen. Dann hues de awer och eng jonk Clientèle, deene sécherlech den Design dierft gefale, mat deene, wann ee se da wëll, knallege Faarwen.

Wat gefält dir net um Auto?
Do gëtt et a sech just eppes. An dat hunn ech schonns kuerz ugedeit. Et gëtt kee Verbrenner. Richteg Nostalgiker hätte sech sécherlech och ee Bensinner gewënscht. Op déi elo de Schratt, bei hire villäicht éischte Elektro-Auto maachen, bleift ofzewaarden.
Wéi gesäit et mam Präis vun der R5 aus?
Do si mir séier fäerdeg, well et jo aktuell just een Akku gëtt. D'R5 kriss de vun 31.812 Euro un. Dat ass schonns bëssen. Wann awer d'R5 mat der 40kWh Batterie kennt, déi huet dann eng Autonomie, laut WLTP, vun 300 Kilometer, dann ass d'Legend schonns fir 25.000 Euro ze kréien.