
© Akim Schmit
Am Automag vun haut gëtt et sportlech. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech den neie Porsche Macan fir eis méi genee ugekuckt. Woubäi, dee kenne mer dach schonn?
Richteg, Porsche huet de Macan scho virgestallt. Fir den Ufank gouf et direkt den Topmodell als Macan Turbo mat 450 kW Leeschtung a beandrockenden 1.000 Nm Dréimoment. Haut dréint et sech ëm zwou Motoriséierungen déi mer nach net kennen. Nei dobäi kënnt nämlech de Macan 4S, dee sech mat senger Leeschtung vun 330 kW – dat si 448 där aler Päerd – tëscht de Macan 4 an dem Topmodell Macan Turbo areit. Am Overboost Modus liwwert den Undriww fir kuerz Zäit dann iwwer 500 Päerd (516 PS/380 kW bei 820 Nm Dréimoment) a mat aktivéierter Launchcontrol vergi 4,1 Sekonne vun Null op 100.
Wann ech mer deng Fotoen ukucken… so nëmmen, de Macan 4S wier fir an den Terrain?
Nee, de Knascht war en Nieweneffekt vum Schmuddelwieder. Ganz ausgeschloss si sou Offroad Aventuren awer net: wie wëll, dee ka beim „Offroad Design Paket“ e Krop maachen. Fir dee Supplément gëtt et dann net just Schutzleeschen laanscht d’Säit a laanscht d’Radkëschte, mee och eng Loftfiederung mat zousätzlecher Buedemfräiheet (195 bis maximal 225 mm). Et muss ee sech just trauen déi befestegt Weeër ze verloossen.
Dat kléngt elo alles no engem SUV, bei deem den S wierklech fir Sport steet. Mee du hues vun zwou neie Motoriséierunge geschwaat…
An do gëtt et da méi buedemstänneg, wann een dat bei engem Porsche iwwerhaapt esou nenne kann. D’Basisversioun heescht ganz einfach „Macan“ ouni Zousaz, a kënnt als eenzege Vertrieder mat rengem Heckundriww. Manner Leeschtung a just ee Motor heeschen awer och manner Gewiicht (-110 kg) a manner Verbrauch an domat méi Reechwäit. A well de selwechten 100 kWh-Akku am Ënnerbuedem stécht, klëmmt d‘Reechwäit no WLTP Norm op 641 km. Iwwerpréiwe konnt ech et an där kuerzer Zäit wou ech den Auto hat awer net.
Ënnermotoriséiert ass de Macan awer och als Basismodell nach laang net huelen ech un?
Wou Porsche drop steet, ass och Porsche dran: 340 Päerd (360 PS a 563 Nm am Overboost) gi fir e Sprint a 5,7 Sekonnen op Tempo 100 duer, d’Spëtzevitesse läit iwwerdeems bei 220 km/h. Do halen net vill Elektriker mat. Am direkte Verglach zu engem 4S fält natierlech op, dass d’Beschleunegung manner brutal ass, mee trëppelt een am Alldag ëmmer voll duerch wann een op eng Landstrooss kënnt? Ech mengen net, an ech behaapten: de Basis Macan geet masseg duer.
Mee wéi fuere sech déi nei Variante vum Macan dann?
Fir et kuerz ze maache: richteg gutt. Porsche huet dem Macan ee vun de beschte Fuerwierk’er spendéiert, déi ech a leschter Zäit gefuer sinn, besonnesch wann déi optional Loftfiederung (PASM) verbaut ass. Steierung a Bremse an déi Liichtegkeet beim Gasginn loossen ee séier vergiessen, dass een u Bord vun engem 2,3 Tonne schwéieren SUV sëtzt.
Deemno e positive Fazit fir de Macan a Macan 4S. Wéi gesäit et da mam Präis aus?
Basis heescht net bëlleg: lass geet et bei 80.000 Euro fir de Macan, respektiv 89.900 Euro fir e Macan 4S. An dat virun den Optiounen, vun deenen et der eng Hellewull gëtt…