Mam Explorer lancéiert Ford hiren zweeten, rengrassegen Elektroauto a verfollegt domat weider hir Strategie, d’Gamm un BEV, also Batterie-Elektreschen Autoen ze vergréisseren. Wéi sech den Explorer am Alldag schléit, dat huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.

28/11/2024 AUTOMAG Ford Explorer

Do wou alt emol de Fiesta produzéiert gouf, leeft elo deen neien Explorer vum Band, a ganz geschwënn mat him och deen neie Capri. Eigentlech zwou bekannte Modellbezeechnungen, mee mat hire Virgänger hu se häerzlech wéineg um Hutt.

Den Design

Nawell zimmlech véiereckeg an typesch amerikanesch, mee an a fir Europa entwéckelt a produzéiert. E Glach zum Volvo EX30 ass do, den Explorer ass awer e Krack méi grouss a vill méi geraimeg. Mee dat alles täuscht am Fong iwwert séng wierklech Basis ewech: ënnendrënner stécht den ID.4 vu VW, mat him deelt sech de Kölner déi technesche Basis an nawell vill aner Elementer. Den Tableau dogéint ass vu Ford, flott designt an och gutt verschafft.

Den Undriff

Am Test-Explorer stouch déi déck Maschinn mat 340 PS an Allrad-Undriff. Virukommen deet een domat natierlech gutt, wann et muss sinn, da vergi grad emol 5,3 Sekonnen op 100. Wéi üblech schmëlze bei deem Fuerstil déi maximal 400 km Autonomie awer genee esou rasant. Also léiwer Fouss vun der Fuerpedal, da pendelt sech de Stroumverbrauch bei ronn 19 - 20 kW-Stonnen an. Beim Luede versprécht Ford nees Leeschtung, allerdéngs stoungen déi maximal méiglech 185 kW ni um Schierm. Allefalls mol 100, an dat ass dann nees keng Revolutioun.

Op der Strooss

Nach emol ronn 40 PS iwwert dem Top-ID.4 an den obligatoresche Passage bei de Spezialisten op der Ford-Teststreck zu Lommel spendéieren dem Explorer nawell vill Dynamik. Jo, esouguer Fuerspaass koum op; knackeg Stroosselag, präzis Steierung, keng stéierend Karosseriebewegungen – alles richteg gemaach, Ford! Mee grad esou gär léisst et sech gemittlech cruisen. Wéineg Geräisch, eng nach relativ komfortabel Fiederung a vill Plaz op de Sëtzer an an der Mall maache Bock op Reesen. Och déi pfiffeg Gimmicks wéi déi riseg Oflag ënnert der Mëttelarmleen oder de Safe hannert dem Bildschierm si praktesch. Just bei e puer Schrullegkeeten, wéi den Touchknäppercher um Steier an der relativ komplizéierter Menüféierung vum Infotainment léisst VW nees gréissen.

D’Präisser

Bei eppes iwwer 46.000 Euro geet et lass, eis Topversioun schléit mat knapp ënner 60.000 Euro zu Buch.