Ier en iwwerhaapt op eise Stroosse fiert, erlieft de Revival vum Renault 5 schonn eng enorm Zoustëmmung beim Public. Vun dëser Well wëll d’sportlech Sous-Marque Alpine natierlech och profitéieren a lancéiert knapp nom neie Cinq hir Interpretatioun mam Numm Alpine A 290. De Paul Origer ass de franséischen Elektro Hot Hatch zu Mallorca gefuer.

05/12/2024 AUTOMAG Alpine A290

Kleng Autoen hunn och bei Alpine Traditioun, sief et den A106 aus de 50er Joren oder de legendäre R5 Alpine aus de 70er – a genee dës Genen versprécht Alpine och beim neien A290!

Den Design

Natierlech baséiert den A290 um neie Renault 5, kritt awer nach e puer optesch Bonbon’en déi en zum richtegen Alpine maachen. Wéi déi puer Erënnerungen un de Rallye-Auto Renault 5 Turbo 2 a Form vum Alpine Swoosh, déi ugedeite Lüftungsschlitzer un den hënneschten Dieren oder d’Dages- an Zousazluuchten am X-Design. Soss ass de franséischen Elektro-Hot-Hatch ëm 6 cm verbreet a steet op bullegen 19-Zoll-Schlappen. Net feelen dierfen natierlech ënnert aneren och déi typesch Faarwen wéi blo a wäiss.

Den Intérieur

Hei spillt de Sport eng Roll, an zwar a Form vum Steierrad am Formel1-Design, der Mëttelkonsol am Stil vum A110 an den dynamesch ugehauchte Sëtzer. Verkleedungen am zweefaarwege Konschtlieder um Tableau an un den Diere ginn dem A290 virun allem méi ee luxuriéisen Touch. Allerdéngs fënnt ee méi wäit ënnen dann awer och nees de schwaarzen haarde Plastik, ganz besonnesch un den hënneschten Dierpanneauen, wou anschéngend huet misse gespuert ginn.

Op der Strooss

De Renault 5 hält bei 150 PS op, den Alpine A290 gëtt et mat 180 oder 220 PS. An net ganz zoufälleg ziilt de franséische Flitzer domat op de Konkurrent vu Mini. 6,4 Sekonne verginn an der Topmotorisatioun op 100, zesumme mat 300 Nm huet den E-Motor liicht Spill mat deem 1479 Kilo liichten oder schwéieren Auto. Séng absolut Stäerkt läit awer an der Agilitéit; kuerze Radstand, breet Spuer, knackeg Fiederung – dat huet op de mallorkinesche Landstroossen an op der Rennstreck enorme Spaass gemaach. Wat awer opfält, den A290 ass kee radikalen Hot Hatch. Et bleiwt nach vill Confort räscht, sief et bei der Fiederung oder beim Uspriechverhale vum Motor. Séng zwou weider Dieren an déi mat 326 Liter anstänneg Mall maachen en dann och am Alldag wiesentlech méi praktesch wéi säin englesche Konkurrent. Brauchbar sinn och déi versprachen 380 km Autonomie, geluede gëtt mat maximal 100 kW.

Am Résumé

Mini, déi dech waarm un. Alpine huet mam A290 de Retro-Design vum Renault 5 perfekt ausgenotzt fir een attraktive klengen Auto op d’Strooss ze stellen. Individualismus ass op jidde Fall garantéiert, dofir suerge vill flott Optiounen aus dem Katalog an eng op 1955 Exemplaire limitéiert Première Edition. Allerdéngs däerf ee fir déi déif an d’Täsch gräifen; 44.700 Euro si fir den Topmodell fälleg, ronn 7000 manner kascht d’Basisversioun GT.