Am Automag vun haut steet mam Mazda CX-80 en SUV mat Plaz fir déi ganz Famill am Mëttelpunkt. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech de 7-Sëtzer fir eis am Detail ugekuckt.  

21/11/2024 AUTOMAG Mazda CX-80

Virun 2 Joer huet Mazda den CX-60 lancéiert, elo steet mam CX-80 de grousse Brudder am Showroom. Bis un d’B-Säil si béid Modeller vum Design hir identesch, just den hënneschten Deel gouf iwwerschafft. Den CX-80 ass ëm 25 Zentimeter an der Längt gewuess a mat 4,99 m méi laang wéi e VW Bus (4,97 m).

Den Design

Den CX-80 setzt op Understatement: gefälleg, onopgereegt an ouni Iwwerraschungen, déi engem sauer opstousse kéinten. Wann ee riicht virdru steet, kéint een CX-80 a 60 scho mol verwiesselen. Vun der Säit gëtt dann awer kloer, dass den CX-80 eng Kategorie driwwer doheem ass.

Den Interieur

Den CX-80 wëll besonnesch Familljen, déi heiansdo méi Plaz brauchen, iwwerzeegen. Dräi Sëtzreien a 7 Plaze sinn dowéinst ëmmer u Bord. Op Wonsch sinn an der zweeter Reih zwee „Captain Chairs“, also Eenzelsëtzer verbaut. Méi Luxus geet net.

D’Ergonomie

Et mierkt een, dass sech d’Ingenieuren Gedanke gemaach hunn. D’Sëtzpositioun ass optimal, all Knäppercher sinn do, wou ee se sicht, an den Infotainment gëtt net iwwert en Touchscreen, mee iwwert en Dréih-Dréckschalter gesteiert wéi en an der Zäit och bei BMW ze fanne war. Einfach an effikass. 

D’Finitioun

Premium, alles anescht wier ënnerdriwwen.Stoff, Holz, Chrom: de Choix u Material, d‘Veraarbechtung an den éischten Androck beim eraklammen iwwerzeegen. Näischt peekt sech bëlleg oder wéi eng Spuermoossnam un. Do kéint deen een oder anere Premium-Hiersteller sech e Beispill huelen.

Den Undriff

Zwee Motoren huet Mazda am Programm. Zum engen e Plug-In Hybrid deen sech aus engem 2,5 Liter Véierzylinder Bensinner mat 192 PS (141 kW) an engem Elektromotor mat 175 PS (129 kW) zesummesetzt. D’Systemleeschtung läit bei 327 PS (241 kW), déi reng elektresch Reechwäit am Optimalfall bei 60 km – dat ass ok, awer net iwwerwältegend. Zudeem muss de Bensinner héich dréie fir seng Leeschtung ofzeruffen a wierkt schwaach, wann d’Batterie bis eidel gesuckelt ass. 

D’Alternativ – a mäi Favorit – ass den 3,3 Liter Reie-Sechszylinder Diesel, deen als Mildhybrid dohier kënnt. D’Leeschtung läit zwar „nëmme“ bei 254 Päerd (187 kW), mee de Verbrauch vu 5,7 Liter um Pabeier ass och an der Praxis ze packen. 

Dat nervt

Béid Varianten deele sech den Allradundriww, d‘8-Gang-Automatik an d’Erlaabnis, fir Unhänger mat engem Gewiicht vu bis zu 2,5 Tonnen ze zéihen. Allerdéngs och dat iwwerschafften, awer ëmmer nach sportlech-straff ofgestëmmte Fuerwierk, wat net richteg an d’Gesamtkonzept passt. Mee dat ass gemeckerts op héijem Niveau. Zum Schluss nach e Bléck and’Präislëscht: egal ob Diesel oder Plug-In Hybrid: béid Motorisatioune kaschten d’selwecht vill a starte bei 57.300 Euro.

+ Finitioun eng Klass driwwer
+ Präisgestaltung
+ Ergonomie

- E-Reechwäit vum Plug-In net zäitgeméiss
- Strafft Fuerwierk