
© Akim Schmit
Den Auto, dee mer haut am Automag méi genee kenne léieren, dierf och mol méi knaschteg ginn. Rieds geet vum Subaru Forester. Den Akim Schmit huet d’Detailer.
Et gëtt se nach, déi onspektakulär japanesch 4x4. Gutt verstoppt tëscht all den SUV, bleift sech Subaru trei, a bréngt Ugangs 2025 déi 6. Generatioun vum Forester an Europa op de Marché. De Forester ass ee vun de Bestseller bei Subaru, an dat soll och esou bleiwen.
Den Design
Evolutioun statt Revolutioun kéint een den neien Design beschreiwen. Un der Front fanne mer vill schwarz héichganlanz Elementer an zweegedeelte Pharen, am Profil markant ausgestallte Radkëschte an eng breed D-Säil an un der Mall déi duerchgängeg Leescht mat de Réckluuchten an dem ant Blech ageprägte Forester-Schrëftzuch.
Bannendran
E groussen Auto soll och praktesch sinn, dofir firt éischt zur Mall: déi läit mat 508 Liter um Niveau vum Virgänger, en duebele Buedem ass Serie, genee esou wéi allerlee Kreep fir Poschen a Kierf opzehänken. E Luef gëtt et och fir d’Réckbänk, wou och grouss Mënsche vill Plaz hunn. An der éischter Reih da kënnt en Hauch vu Luxus op: elektresch astellbar Sëtzer, e propper verschafftent an opgeraumtent Armaturebried. Nierft analogen Instrumenter fir Vitesse an Dréizuel spillt d’Musék op engem 11,6 Zoll Ecran an der Mëtt, wouriwwer och d’Klimaanlag gesteiert gëtt. E Pluspunkt gëtt et fir d’Steierrad mat senge klassesche Knäppercher. Ënnert dem Stréch ass den Interieur gutt gemaach an herrlech onspektakulär.
Den Undriff
E-Boxer ass d’Stéchwuert. Ënnert dem Capot stecht en 2 Liter Véierzylinder Boxer-Motor mat 136 PS dee vun engem Elektromotor (12,3 kW, 16,7 PS) ënnerstëtzt gëtt. Domat kann de Forester reng elektresch rangéieren a méi sprëtzeg beschleunegen. Et dierf een den e-Boxer awer net mat engem Vollhybrid verwiesselen, dofir ass en net geduecht. Geschalt gëtt iwwert eng Lineartronic-Automatik-Boîte.
Op der Strooss
Op der Strooss oder am Terrain: de Forester ass béide Situatioune gewuess. Gréisste Changementer sinn de verbesserte Geräischconfort an dat iwwerschafftent Fuerwierk, zwou Saachen déi besonnesch op schlechte Stroossen oder op Pavé en Ënnerscheed maachen. Doriwwer eraus ass d‘Karosserie méi steif, wat der Fuerdynamik positiv entgéint kënnt. Erweidert gouf och den EyeSight-System, deen ëmmer en Aen op de Chauffer huet an elo en Noutbremsassistent u Bord huet, deen den Auto an e puer Etappen ofbremst, d’Warnblinkeren uschalt an d’Dieren entriegelt.
Wéi et sech gehéiert huet de Forester e permanenten Allradundriww („X-Mode“) vun deem mer eis an engem Offroad Park am Berliner Ëmland en Androck maachen dierften. Ënnerschiddlech Fuerprogrammer fir déi verschiddenst Terrain’en si virprogramméiert, esou dass u sech Jiddereen u säin Zil kënnt.
De Präis
D’Präisser vum neie Subaru Forester stinn nach net fest, de Virgänger start aktuell bei 38.700 Euro. Mat der neier Generatioun gëtt et zwar net méi Leeschtung, dofir awer en Auto dee besonnesch am Kapitel vum Confort e grousse Sprong gemaach huet.