Wann am Automag vun Zuffenhausen rieds ass, da gëtt et sportlech. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war fir eis op Stuttgart, an dierft sech do mam neie Porsche Panamera vertraut maachen. An zwar net mat egal wéiengem…

De Panamera kenne mer jo schonn, am Mëttelpunkt vun der Virstellung stoungen dëskéier déi zwou sportlechst Varianten déi Porsche am Programm huet, de Panamera GTS an de Panamera Turbo S E-Hybrid. An ech kann de soen, wanns de Auto-Quartett spills, häls de mat béide ganz gutt Kaarten an der Hand!

Ma da looss eis den Highlight nach e Moment versuergen, a komm mir fänke „kleng“ un.
Da wiere mer beim Panamera GTS. Déi dräi Buschstawe sti fir Gran Turismo Sport, also Modeller, déi d’Mëtt tëscht Confort a Sport treffen. En opteschen Highlight sinn d’Felge mat Center Lock, wous de also net méi déi eenzel Radschrauwe gesäis an d’Auspuffanlag mat duebelen Endréier op all Säit. Fir de Rescht sinn d’Ännerungen dezent ausgefall. Wéineg Iwwerraschunge gëtt et am Banneraum, dee mer esou scho vun Taycan a Macan kennen. Clean, puristesch a volldigital trëfft et am beschten. D’Sëtzer an d’Steierrad vun eisem Testauto ware mat Race-Tex bespaant, esou nennt Porsche säi Microfaser-Stoff. Ech si kee Fan dovun.

Wéi steet et dann ëm den Undriww?
4 Liter Hubraum, 8 Zylinder Bi-Turbo a 500 PS – Domat ass de GTS de stäerkste renge Verbrenner an der Panamera Baurei. 3,8 Sekonnen dauert de Sprint op Tempo 100, en heckbetounten Allradundriww ass Serie. Vum Handling hir läit den Auto och bei héije Vitessen nach absolut roueg op der Strooss an du vergëss séier den Tempo mat deems de Ënnerwee bass. D’Fuerwierk ass straff mee net onbequeem, also quasi déi gëlle Mëtt, déi Porsche mam GTS treffe wëll.

Elo has de awer och nach den Turbo S E-Hybrid am Test. An dat ass d‘Kiischt um Kuch.
Effektiv, ech soe just 782 Päerd, 1000 Nm Dréimoment, knackeg 2,9 Sekonnen aus dem Stand op Tempo 100 a bis zu 325 km/h séier wanns de op der däitscher Autobunn bass an de Verkéier et hiergëtt. D’Basis vun dësem Plug-In Hybrid ass de 4-Liter V8 deen hei 599 PS (441 kW) leescht a vun engem 190 PS (140 kW) Elektromotor ënnerstëtzt gëtt. De Stroum dofir stécht an engem 25,9 kWh Akku, wat fir 88 km elektresch Reechwäit duergoe soll – ech behaapten awer mol, dass et hei éischter em déi wahnsinns Leeschtung geet.

T’ass awer net just d’Acceleratioun déi zu dengen Highlights gehéiert…
Nee, e weidere Feature, deen dem Turbo S E-Hybrid virbehal ass, ass d’Porsche Active Ride Fuerwierk. De System et verhënnert, dass den Auto sech hieft oder an d’Fiedere geet wanns de Gas gëss oder mat zwee Féiss opt Keramikbrems spréngs. Den Auto bleift also ëmmer am Niveau, sief et op geschwongene Landstroossen oder op der Autobunn. Déi Hydraulik brauch allerdéngs d‘400V Bordnetz, esou dass just Hybrid- oder Elektromodeller domat equipéiert si kënnen.

Also ganz éierlech, ech wéisst elo net fir wéie Modell ech mech entscheede géif…
Sportleche Fuerer, déi léiwer op der Landstrooss ewéi op der Autobunn ënnerwee sinn, géif ech de GTS unt Häerz leeën. En ass net just méi liicht, mee grad duerch säi Verbrenner de méi puristeschen an „onperfekten“ Begleeder, wat ganz charmant ass. Wien éischter op der Autobunn doheem ass a vun der Leeschtung profitéiere kann, deen ass mam Turbo S e-Hybrid sécher gutt beroden. Wann de Portemonnie et dann hiergëtt: de GTS start bei 162.000 Euro, fir den Turbo S e-Hybrid fänkt d’Präislëscht bei 225.000 Euro un.