
D'Mark mat de 4 Réng, Audi ass am Moment ganz äifreg, a presentéiert nei Modeller. Och Elektroautoen kann een elo a ville Variatioune bei hinne bestellen. Den A6 e-tron gläich an zwou Varianten.
Bei Audi ass jo mëttlerweil esou dass di grued Zuelen den E-Auto droen, di ongrued Bensinner oder Diesel. A bei Audi heeschen Kombi Modeller jo Avant. Dee gouf als A6 e-tron presentéiert zesumme mam der Sportback Versioun. Dat ass dann eng chic Coupé Limousine.
Och als E-Auto direkt als Audi ze erkennen?
Jo, genee voll an der DNA Audi mam markante Single Frame Grill. OLED Luuchten hu ganz vill Funktiounen, eng signature lumineuse, di 4 Réng sinn dann och beliicht. An et huet e vill Zäit am Wandkanal verbruecht. Mam Resultat dass den CW Wäert bei 0,21 leit, e Bescht Wäert, an dat wierkt sech positiv op Verbrauch an Autonomie aus. Den A6 e-tron kënnt ganz gefälleg an dynamesch eriwwer. Souwuel als Avant oder Sportback. Et huet een dann do och nach de Choix tescht performance, quattro an der S6 e-tron Versioun.


Mat wéivill E-Power ass een dann ëwnnerwee?
Do sinn et tëscht 83 an 100 kw/h Batterien, déi een och schonn aus aneren Audi Modeller kennt. Schonn an der Basis mat traction arrière sinn et 368 PS Leeschtung. Mat der 800 Volt Technik ka mat bis zu 270kw geluede ginn. Wéi beim Q6 e-tron kann op deenen zwou Säite vun der Karosserie geluede ginn.
Mir waren op Teneriffa ënnerwee, an et huet een an de ville Kéieren am Hannerland Richtung Teide gemierkt wéi maniabel den dach bal 2,3 Tonnen A6 nach ass. 210 km/h sinn dran, an Tacho Nol steet no e puer Sekonne bei 100.
Power ofruffen heescht awer och dann ëm di 20 kw/h Verbrauch akalkuléieren. Awer mam ganz duerchduechten Rekuperatiounsmodus komme nees Kilometer bei der Autonomie op de Kont.
Wéi presentéiert sech den Interieur?
Chic, ganz gutt verschafft a wéineg haarde Plastik. D'Sëtzgarnitur invitéiert een och op laang Strecken. An do wëll den Audi A6 e-tron jo och agesat ginn. WLTP Norm versprécht bis zu 750km. Soe mir mol dann no gutt 600 ass eng Paus fälleg. Vrum Chauffer ass et den 11 Zoll Curved Screen, a vrum Bäifuerer breet sech op Wonsch och en Ecran aus mat eegenem Programm. Mir beweegen eis an der gehuewener Mëtteklass, voir Premium, an do muss natierlech och a punkto Info Navi an Entertainment alles um leschte Stand sinn. An dat ass et och, esouguer mat KI.
Bequeem kann et zu 4 op d'Rees goen. 500 Liter passen an d'Mall. An de Frunk vir der nach 27.
Präisser a Fazit da nach vläicht?
Harmonesch ofgestëmmt weess den A6 e-tron ze gefalen. Souverän a sportiv, an op Wonsch mat Loftfiederung kann een ënnerwee sinn. D'Premium Uspréch gi gréisstendeels erfëllt. Mee dat léisst sech Audi och gutt bezuelen. Ënner 62 000 leeft näischt, an di 100 000 Euro si liicht ze knacken.
Mee vläicht kann e jo di Kamera Bausse Spigelen ewech loossen, déi nach ëmmer net ideal sinn. Dann huet e schonn e Pak gespuert.


