
2025 hu mir gëscht ugefaangen. An am Automag ass een haut besonnesch houfreg de Staatsminister Luc Frieden ze begréissen. Wat huet deen 2024 beweegt, a wat wënscht e sech a Saache Mobilitéit fir 2025?
Eng Première fir den Automag op RTL mat engem Premierminister am Interview.
Wat huet dann eise Staatsminister Luc Frieden a Saache Mobilitéit esou beweegt?
Ech fuere ganz gär Auto, an ech bedaueren eigentlech dass ech a menger neier Funktioun ganz oft geféiert ginn, dofir freeën ech mech de Weekend selwer Auto ze fueren. Jo et ass erhuelsam am Auto ze sinn, et kann e Musek lauschteren, an ech hunn einfach Spaass mat Autoen.
2025 leit vrun eis. Wat wënscht e sech?
Ech mengen dass mir musse kucken, wéi ass et méiglech dass d'Leit sech all vun A op B kënne beweegen. Dofir brauche mir e gudde Mix vun Auto, Bus, an Zuch. Dat muss een alles niefteneen hunn, mee et muss e kucken dass mir di grouss Zuel u Leit eigentlech vun hirer Schaff heem kënne bréngen, an d'Schoul kënne bréngen, an de Sport kënne bréngen. An ech mengen dat bleift eng Erausfuerderung fir eng Gesellschaft di wiisst.
Da léiere mir op dëser Plaz eisen Invité jo och méi privat kennen. Wat ass et fir e Genre Chauffer?
Een de Spaass huet wann en Auto fiert, een dee sech un d'Reegelen hält, ech rennen net extra, mee ech fuere gären och zum Beispill an de Bierger mam Auto wann et e bësschen ëm d'Kéier geet. Also wierklech Spaass um Autofueren.
Fiert en iwwerhaapt nach vill selwer?
Am Alldag erlabe si mir aus Sécherheetsgrënn net ze fueren, mee esou bal ech dierf de Weekend eise privaten Auto huelen, da sinn ech gären hannert dem Steier.
A wéi zefridden ass e mat der Déngscht Limousine?
Jo ech hunn déi geierft vum Här Asselborn. Ech hätt, bon et gëtt Zäit fir eng Kéier eng nei ze kréien, mee fir de Moment ass déi ganz gutt.
Hei kuck do, e neie Premier, mee kee neien Auto.
Huet e léiwer di neiste Kreatioun, oder vläicht léiwer en Oldtimer?
Ah nee ganz kloer di neisten Autoen. Fannen et och flott di neiste Gadgeten an den Autoen ze gesinn, wat technologesch e Fortschrëtt ass. Och kucke wat ëmweltfrëndlech ass, wat an der Elektromobilitéit geschitt. All déi Saachen interesséiere mech schonn.