
Den Opel Frontera steet haut am Mëttelpunkt am Automag. Dee gouf am Dezember op enger Plaz presentéiert wou vill Lëtzebuerger ganz gäre Vakanz maachen. Palma de Mallorca war ausgewielt ginn, an de Christian Schmit huet dierfe mat dohinner, an ass déi zwee Modeller gefuer.
Jo wëll genee wéi beim grousse Bruder Grandland, kënnt och de Frontera an zwou Versiounen. Hybrid an Elektro. An dat mat Palma kënnt emol guer net vun ongeféier sinn. Hei kéint den Opel Frontera mat sengem Raum Konzept duerchaus Karriär maachen als Locatiounsauto.
Wat ass de Frontera da fir en Typ?
E polyvalenten SUV, deen op 4m 38 wierklech vill Plaz bitt. Esouguer eng 3 Sëtz Rei ka bestallt ginn. An dann ass et dee kompaktste 7 Sëtzer um Marché. An d'Mall passen tëscht 460 bis 1600 Liter. Eng robust Optik, kombinéiert mat der neier Vizor Design Linn. Wäiss stole Felge suerge fir Offroad Look, mee 4 X4 Traktioun ass tabu. E steet op der Stellantis Smart Car Plattform an déi erlaabt eben och dee Frontera Electric.


Majo da verrot eis emol wéi vill Power dann dran ass?
Mir konnten déi zwee op engem ganz ofwiesslungsräiche Parcours am Westen vu Mallorca testen. Fänke mir emol mam E-Motor un. Dee leescht 113 PS an affichéiert mat senger 44kw/h eng 300km Autonomie. 12 Sekonnen op 100, 140 km/h an der Stonn ginn an d'Rei, mee déi 18 Kw Verbrauch sinn net dichteg. Obschonn de Frontera E just 1500kg op Wo bréngt. Dat geet fir op der Insel sécher duer, mee bei eis? Zemools de Stroum och mat maximum 100kw ka geluede ginn.
Eriwwer bei den 1200er 3 Zylinder Hybrid. De bekannten 136 PS staarke Motor kritt zousätzlech 28 PS Hybrid Power. Do sinn 190 à l/heure dran, an 9 Sekonnen op 100, awer ënner 6 Liter war en ënnert de Palmen och net ze beweegen.


Wéi presentéiert sech de Frontera dann bannenan a wéi fiert e sech?
Jo do ass et e veganen Interieur mat vill recycléiertem Material. Zwee 10 Zoll "Puer Panel Screen" vrum Chauffer, a net muss net alles gescrollt ginn. Och Knäppercher bleiwen u Bord. Ee stécht do besonnesch ervir. Mat deem kënne nämlech di lästeg Warn-Piipserten ausgeschalt ginn. Bequeem Sëtzer a Plaz genuch vir an hannen, a bei der Connectivitéit a Fuerassistenz Systemer kann een och mathalen.
De Chassis ass confortabel ofgestëmmt, och Fiederung a Lenkung passen zu där dote Kategorie Auto. E Familljen Auto wëll de Frontera jo sinn.
Komme mir zum Kapitel Präis?
Also et mierkt e schonn, dass d'Opelaner de Frontera schaarf kalkuléiert hunn, mee d'Rechnung kéint opgoen. Zwou Versioune ginn et. Edition, do ass alles dra wat e brauch, an GS, do gëtt et da méi Luxus.
D'Präis Skala beweegt sech tëscht 21 690 Euro fir di einfachst Hybrid Versioun, a nobäi 30 000 Euro fir de Frontera Elektro an der GS Versioun.
Mam Virgänger Frontera huet di aktuell Versioun just nach de Numm "en commun".



