An der leschter Stonn war de Premierminister den Invité fir de Neijosch Interview am Automag. Do huet hien verzielt dass hien eigentlech vill méi dacks selwer hannert de Volant wéilt, sech wënscht dass mir d'Mobilitéit am Alldag mat engem gudde Mix aus individuellen an ëffentlechen Transport och 2025 hikréien.
Hien huet léiwer di neisten Technologie déi um Marché ass wéi en Oldtimer. Huet als Déngscht Limousine déi vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn geierft.

An elo am zweeten Deel gi mir gewuer op een och alt mam Moto oder Vëlo ënnerwee ass, mam ëffentlechen Transport eventuell? Schéin Erliefnesser ënnerwee mam Auto, den 1. Auto iwwerhaapt, de Punkte Konto an d'Gléckwënsch fir d'neit Joer ginn et och.
De Christian Schmit am Interview mam Premierminister Luc Frieden.

02/01/2025 Automag Neijosch Interview mam Staatsminister Radio Versioun 2. Deel

An domat wëllkomm am zweeten Deel vum RTL Automag Interview mam Premierminister Luc Frieden.

Och e Fan vu Motorrad oder Vëlo?

Motorrad sinn ech nach bal ni gefuer, mol op engem Tëff an der Zäit. Velö jo. Mee de Velö ass dat wat ech ganz flott fannen, ech fueren och gären an Holland op engem richtegen hollänesche Velö. Heiansdo gäre Course Velö. Also scho grousse Fan, jo.
Och alt emol mam ëffentlechen Transport ënnerwee?

Just mam Zuch op Paräis.

Schéinsten Erliefnes, oder schéin Erënnerunge ënnerwee mam Auto, wéi eng sinn dat?

Oh ganz vill. Ech méngen an d'Vakanz fuere mat der ganzer Famill. Och als Kanner scho wa mir iwwer di routes nationales am Frankräich gefuer sinn. Mir haten eng Citroën, eng DS wou eng enorm Suspensioun hat. An dann all Kéiers wann et iwwer d'Kaul gaang ass, dat war fir eis Kanner ganz flott. Flott hunn ech awer och fonnt, wann ech mat méngem eegenen Auto, wéi ech nach zu Paräis studéiert hunn, mam eegenen Auto duerch Paräis fueren, iwwer d'Champs Elysées, ronderëm den Arc de Triomphe an deem Chaos fueren, dat war deemols, an dat ass haut nach eppes wat mir vill Spaass mécht. 

Op den 1. Auto iwwerhaapt ugeschwat, wat war dat fir een?

Deen huet meng Boma mir geschenkt. Dat war e Renault 5, donkel grémg métaliséiert. E ganz flotten Auto.

A lescht Fro, wou steet de Punkte Konto beim Staatsminister?

Ech hu nach ni amengem ganze Liewen e Punkt ewech geknipst kritt. Doriwwer sinn ech ganz stolz, et kann ëmmer geschéien, mee ech versiche méch un d'Regelen ze halen. Dat ass jo och Respekt vis à vis vun deenen Aneren dat näischt geschitt. Dofir soll e sech dorun halen.

An d'Gléck Wënsch fir 2025 vum Premierminister ginn et dann och.

Ech wénschen de Leit eng gutt Gesondheet, an zu gudder Gesondheet a Freed gehéiert natirlech och dass e sech am Verkéier respektvoll behëllt. An ech wénschen eis dann alleguer dass mir eis als Foussgänger, um Velö an am Auto op der Strooss gutt matenenee verdroen.

Villmols Merci Här Staatsminister Luc Frieden, an da wënsche mir iech och bonne route fir 2025 wou och ëmmer är Weeër iech féieren.

Merci gläichfals.