
Op dëser Platz hu mir iech schonn s de Renault Rafale eng Kéier presentéiert. Dat war den Hybrid Modell mat 200 Päerd. Elo gëtt et awer eng nei Versioun. Déi huet méi PS an ass och ee Plug-In Hybrid. De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun huet dee getest. Wéi vill Päerd huet deen neie Rafale da méi wéi deen éischte Modell?
Dat sinn der genee 100 méi. Also 300 PS, domadder wëll de franséische Konstrukteur nees méi no un, virun allem déi däitsch Premium Marken, erukommen. De Rafale ass en SUV aus dem sougenannten D Segment, an deem et vill Konkurrenz gëtt. Zanter Ufank vum Joer ass den Hybrid ze kréien an elo eeben de Plug-In Hybrid. Fir et einfach auszedrécken; bei deem neie Model kann een den Akku iwwer d'Steckdous lueden, beim normalen Hybrid gëtt den Akku iwwer de Motor gelueden. Dat nach eng Kéier als klengen Rappell.
Ginn et optesch grouss Ennerscheeder, vun deem engen op deen anere Modell?
Nee, déi ginn et am Prinzip net. D'Autoe gesinn identesch aus. Ausser wann een "d'Atelier Alpine" Ausféierung wielt. Hei ass de groussen Ënnerscheed, datt ee méi héich Felgen um Auto drop huet. Nämlech 21 Zoll. Dobäi kommen "d'Atelier Alpin" Logoen, eng matt blo Faarf an den hënneschte Spoiler, deen dann awer schwaarz ass. Déi Kombinatioun, léisst dëse Rafale nach méi sportlech wierken, wéi dee méi klenge Modell. Nieft der "Atelier Alpine" gëtt et awer och nach "d'Esprit Alpine" Ausféierung, déi een och schonn s vum 200 PS staarke Rafale kennt.

De Motor hues du schonn s kuerz ugeschwat. Wéi gesäit deen awer am Detail aus?
Renault huet och hält och beim 300 Päerd staarken Aggregat, un engem 1.2 Liter 3 Zylinder fest. De Motor eleng entwéckelt 150 PS, dat sinn der 20 méi wéi bei deem klenge Modell. Déi aner 150 Päerd kommen aus zwee Elektro-Aggregater. Apropos Elektro: Bis zu 100 Kilometer kann ee reng elektresch ënnerwee sinn. Ob dat esou ass, konnt ech awer net testen. Dofir war Zäit an Teststreck ze kuerz. Ech si kombinéiert mam Auto gefuer, dat heescht souwuel elektresch, wéi och mat Bensinn an do louch de Verbrauch bei just 3,6 Liter. Mat engem Tank vu 55 Liter versprécht Renault eng Autonomie an der Kombinatioun mat elektresch a Bensinn vun 1.000 Kilometer. D'Batterie hut eng Kapzitéit vun 22kWh.
Wéi beweegen déi 300 Päerd sech op der Strooss?
Beim "Atelier Alpine" Modell, hues de en adaptiivt Fuerwierk. Als Ënnerstëtzung kënnt och nach dobäi, datt déi hënnescht Rieder mat lenken. Déi Kombinatioun ass wierklech gutt, op all Ënnergrond passt de Rafale sech der Situatioun un. E groussen Ënnerscheed ass och, datt den 300 Päerd Plug-In Hybrid net 2, méi 4 Rad gedriwwen ass. Vun 0 op 100 geet et a 6,4 Sekonnen, d'Spëtzevitesse läit bei 175km/h. De 4 Rad Undriff bréngt ee klengen Nodeel mat sech; duerch den Akku op der hënneschter Achs geet e bësse Platz an der Mall verluer. Déi huet awer ëmmer nach 535 Liter a wann s de déi hënnescht Sëtzer ëmklapps, da sinn et esouguer 1.822 Liter. Dat sinn all Kéiers ronn 100 Liter manner wéi bei 2 Rad gedriwwene Modell.

Du hues a sech elo nach net praktesch näischt Negatives gesot. Ass et de perfekten Auto?
Et ass wierklech net vill géint de Rafale mat sengen 300 Päerd ze soen. Wat ech awer Schued fannen, ass datt et just een 1,2 Liter Motor ass a just 3 Zylinder huet. 1 Zylinder méi a bësse méi Kubik, géifen dem Auto sécherlech gutt doen. Wann een nämlech de Champignon duerchdréckt, dann huet den Auto einfach kee flotte Klang. Hie kléngt iergendwéi, wéi iwwerfuerdert. Och wann en dat net ass. Ech ka mir awer virstellen, datt datt de potenzielle Client sech éischter, wann en de Choix dann huet, fir e 4 Zylinder entscheet wéi fir en 3 Zylinder. Ob de 4 Zylinder awer un den niddrege Verbrauch vum Rafale erukennt, ass nees eng aner Fro.
Wéi ass et da mam Präis vum Rafale. Ass deen och niddreg?
Par Rapport zu de Premium Marken, sinn d'Präisser vum E Tech 4x4 Plug In Hybrid 300 attraktiv. An der "Esprit Alpine" Ausféierung kritt een de Rafale vu 50.668 Euro un. Den "Atelier Alpine" Modell fänkt bei 55.019 Euro un.
