
Am Automag vun haut komme mer op e Gefier ze schwätzen, bei deem mer bei der internationaler Presentatioun schonn dobäi waren. Elo konnt den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun de Renault Scenic E-Tech och heiheem op eise Stroosse fueren.
Genee sou ass et an ech muss direkt mat enger positive Iwwerraschung ufänken. Den Design vum Scenic huet näischt mat deem ze dinn, wat ech esou un Erënnerung un al Scenicen hat. Dat hat jo och schonn de Rich Simon a sengem Reportage esou festgestallt an ech kann et absolutt bestätegen. Allgemeng mécht Renault aktuell immens vill richteg, wat hir Designsprooch ugeet. Net fir näischt schwätzt déi komplett Autowelt momentan zB vum neie Renault 5. Ma genuch elo doriwwer, zeréck bei de Scenic.
Designtechnesch bass de also begeeschtert. Wat huet dech dann nach positiv iwwerrascht?
Do wier ech dann direkt bei der Autonomie. Iwwer 600km goufe mir ugewisen, wou ech den Auto siche war... ech sinn do awer ëmmer zimmlech skeptesch, well dacks schmëlzt d’Autonomie méi séier wéi eng Glace am Summer bei 30 Grad. Mir haten de Scenic mat der grousser Batterie, deemno 87 kWh. Ech war mam Auto haaptsächlech ënnerwee op der Autobunn, wat natierlech fir en Elektroauto dat ondankbaarst ass. Ma och hei huet e sech gutt geschloen. Am Mix si sécherlech labber 500km dra mat enger Luedung, wann een éischter an der Stad, respektiv iwwer Land ënnerwee ass, bestëmmt nach en Tick méi. Dat ass definitiv en Argument, wat ee sech am Hannerkapp sollt behalen.
Et muss een also net stänneg vu Luedstatioun zu Luedstatioun fueren. A propos fueren... wéi sinn do deng Impressiounen? Hues de dech wuelgefillt am neie Scenic?
Also een deen e Fan ass vun Ambientebeleuchtung an Astellméiglechkeete fir den Display, dee ka sech am Scenic austoben. Faarflech ass do richteg eng lass am Cockpit, virun allem wann et bis däischter dobaussen ass. Praktesch ass den integréierten Halter fir den Handy, direkt ënner de Knäppecher vun der Klimaanlag.

E flotte Gimmik ass och de Panoramadaach, wou ee via Knäppchen decidéiere kann, ob een duerchgesäit, oder ob eng Mëllechglasoptik ze gesinn ass, an dat och nach a verschidde Segmenter ënnerandeelt. Soss huet een dat just aus Science-Fiction-Filmer kannt.
D’Lenkung ass fir mäi Gout bei lueser Vitesse ze direkt, ze liicht... muss awer zouginn, dass ech net am Menü gesicht hunn, ob een dat astelle kann. D’Veraarbechtung ass allgemeng gutt an d’Materialie fille sech gutt un. Mir haten d’Alpine-Edition, an do ginn et e sëllege flott Akzenter, déi dem Auto e sportlechen an eedele Flair verpassen.
Wéi fällt däi Fazit aus no enger Woch mam Renault Scenic E-Tech?
Een, dee sech iwwerleet e Kompakt-SUV zouzeleeën, sollt onbedéngt och bis bei Renault eraluussen. Een dee vill mat Gepäck an der Mall ënnerwee ass, soll wëssen, dass een do vill dra kritt, ma d’Leudkannt ass héich, respektiv d’Mall geet déif erof... dat ka mol an de Réck goen. Fir de Recht ass den Design gefälleg, d’Autonomie richteg gutt a präislech läit een op änlechem Niveau wéi d’Konkurrenz. Lass geet et mam klenge Motor a Batterie knapp ënner 40.000 Euro. Eisen Testauto loung bei 55.260 Euro.