Als eenzeg Mark an der VW-Famill huet Skoda nach keng kompakt Interpretatioun vun der ID.3-Plattform MEB gewisen. Mam Elroq ass et awer elo esouwäit an de Paul Origer konnt fir eis deen neien Elektro-SUV zu Mallorca fueren.

26/12/2024 AUTOMAG Skoda Elroq

Mam Enyaq hat Skoda säi Start an der Elektromobilitéit, elo kënnt mam Elroq de klenge Brudder.

Den Design

Natierlech beweegt sech dee wichtegste Skoda mat 4,5 Meter am Segment vun de kompakten SUV an designméisseg kann e sech do villäit och e bësse behaapten. Wëll e gesäit mol net esou iwwel aus mat senger relativ muskulöser Karosserie, der spezieller Luuchtegrafik an dem ausgeschriwwene Skoda Schrëftzuch. An dat alles och nach mat engem exzellenten Aerodynamik-Wäert vun 0.26. A propos Loft, bannendran geet et lëfteg an elegant virun; et dominéiert zwar ee groussen Touchscreen mee trotzdeem ginn et nach Knäppercher, alles fillt sech gutt un an deen een oder aneren Highlight wéi den Headup-Display mat Augmented Reality oder déi rout Gurten falen op.

Den Undriff

Am Elroq ass de Choix grouss; 4 verschidde Motorisatioune gi proposéiert; mat 55, 63 oder 82 Kilowatt-Stonnen ass d’Batterie ze kréien an erméiglecht eng Leeschtung vun 125 bis 210 kW. Den Elroq packt tëscht 375 an 581 km a soll, mat maximal 175 kW-Luedleeschtung, beschtefalls an enger hallwer Stonn vun 10 op 80 % kënne geluede ginn.

Op der Strooss

Knapp 2 – 2,2 Tonne Gewiicht fir e kompakten Auto, dat ass eng Uso. Ma op de mallorkinesche Biergstroossen huet den Elroq seng Saach nawell gutt gemeeschtert. D’Fiederung ass straff mee net onkomfortabel an de kompakten SUV léisst sech flott an onopgereegt duerch d’Kéiere beweegen. A wann et muss sinn, da kann e bal op der Plaz dréinen, därmoosse kleng huet Skoda de Wendekrees hikritt – an enke Stied natierlech e Seegen. Mee och soss, egal ob mat 150 oder 210 kW, den Elroq geet gutt virun a kommunizéiert propper mat sengem Chauffer. Eenzeg d’Reflektiounen an der Scheif vun enger Plastiksbaquette um Tableau hunn e bësse genervt, soss huet den Elroq een duerchaus positiven éischten Androck gemaach.

Am Résumé

Optesch fir mäi Goût schonn emol méi flott unzekucke wéi een ID.3 an, Merci Skoda, och soss eng sympathesch Alternativ. Präislech léisst d’Sympathie och net esou séier no; den Elroq 60 start bei ronn 38.000 Euro, de 85 als Sportline lant bei 44.600.