Den zweete Worf aus der komplett ëmgebauter Fabrik zu Köln steet elo am Showroom a kënnt eis vum Numm hir emol bekannt vir. Capri heescht de Coupé-Pendant vum Elektro-SUV Explorer – ob hei genee esouvill Passioun drastécht wéi viru 50 Joer, dat huet de Paul Origer an engem kuerzen Alldagstest versicht erauszefannen.

09/01/2025 AUTOMAG Ford Capri

Wat huet mäi Brudder ëmmer vum Ford Capri geschwäermt, e rassege Coupé mat laangem Capot a sportlecher Fënsterlinn! Beim Ubléck vun der neier Elektro-Interpretatioun an dem Slogan “The Legend is back” wäert et him awer änlech goen wéi villen anere Fans – wat huet dat nach mam Ur-Capri ze dinn? Mee emol der Rei no.

Den Design

De Kompakt-SUV boomt an dobäi och ëmmer méi den SUV-Coupé fir déi, déi net esouvill Plaz mee dofir méi Chic brauchen – genee dat soll den neie Capri erfëllen. D’Daachlinn ass niddereg, d’Carrosserie méi an d’Längt gezunn an d’Fënsterlinn, déi no hannen eropgeet, soll e bëssen un de Coupé aus de 70er erënneren. Courage huet Ford bei der Faarf gewisen; Vivid Yellow, kombinéiert mat der schwaarzer Luuchtemask hannen a vir ass opfälleg, de blénkeg-schwaarze Soubassement versicht den Auto dann e bësse manner masseg optrieden ze loossen. Esou oder esou ass et e groussen Auto, de Capri ass nëmme minimal méi kuerz wéi de grousse Brudder Mustang Mach E.

Den Intérieur

Anescht wéi baussen ass dee Copy-Paste vum Explorer, eenzeg déi méi niddereg Daachlinn an déi méi schmuel Fënsteren solle Sportlechkeet vermëttelen. Plaz ass op jidde Fall méi wéi genuch, d’Sëtzpositioun ganz bequeem. D’Mall profitéiert esouguer vun der sportlecher Silhouette; ënnert de groussen Deckel passen hei 572 Liter, dat sinn der 100 méi wéi beim Explorer.

Op der Strooss

Testen duerfte mer d’Topversioun mat Allrad, 340 PS an 79 kW-Stonne Batterie. Domat soll de Capri theoretesch 560 km packen, am wanterleche Lëtzebuerg waren et der knapp 400. Ze gäer reizt een awer déi héich Leeschtung aus, de Capri geet wéi eng Rakéit vun der Plaz, Traktioun ass kee Problem, Stroosselaach eigentlech och net. Mee dem Capri séng 2,2 Tonnen an déi awer nach héich Sëtzpositioun halen d’Loscht op sportlecht Fueren a Grenzen. Déi gréisste Spillverdierwer sinn d’Assistenzsystemer an d’Bedienkonzept wat vun der VW-Plattform tel quel iwwerholl gouf; de semi-autonomen Tempomat deen d’Mëtt vun der Spuer net fënnt a ruckarteg korrigéiert, déi nerveg Touchknäppercher um Steier, déi ee méi dacks onfräiwëlleg wéi gewollt erwëscht, an de relativ konfuse Menu vum Infotainment. Sorry, Ford, dat kënnen aner Marke besser.

Am Résumé

Definitiv kee Capri, de Capri – awer trotz allem eng wëllkomm Ofwiesslung am Elektro-SUV-Eenheetsbräi. Dee bëllegste start bei ronn 46.000 Euro, dat ass ee Plus vun iwwer 1.500 am Verglach mam Explorer. Ob et engem deen Opräiss wäert ass, dat ass eng Saach vum Goût.