Den Audi Q6 e-tron am Alldag, dat ass eisen Testauto an deenen nächste Minutten. De Christian Schmit war am groussen SUV vun der Mark mat de véier Réng ënnerwee. Salut Christian...

(CUT 1)                       Jo dat ware mir. PPE, steet fir Premium Platform Electric, an op därer ass e mam Audi Q6 e-tron ënnerwee. Do mierkt e schonn, hei si mir am Luxus Segment, wëll e Porsche Macan steet op där selwechter. Audi wëll jo an all Segment thermesch wéi elektresch eppes an der Gamme hunn, an och definitiv nees fir bäi sinn am Premium Segment. Och a grad bei der E-Mobilitéit. Am Juni gouf de Q6 e-tron international presentéiert, elo steet en am Showroom a mir hunn en dierfen e puer Deeg mat him fueren. 

Speaker:                Wéi wäit komme mir dann mam Q6 e-tron?

(CUT 2)                    Bon d'Baussentemperatur louch just iwwer 0 Grad wou mir vum Haff fueren. An dat ass definitiv net de beschte Wierkungsgrad fir d'Batterie. An esou stinn och just 469 Kilometer Autonomie um Tableau de bord. Eigentlech soll e jo op manst 550 domat kommen.

Mir fueren déi Versioun mat 306 PS an traction arrière! D'Lithium-Ione Batterie huet nobäi 95 kw/h Leeschtung. Et ginn och nach aner méi staark Versiounen gekoppelt mat der Quattro Traktioun. Schonn op den éischte Kilometeren mierkt een wéi agreabel sech den dach 2,3 Tonnen Audi nach beweege léisst. D'Lenkung, déi par Rapport zum groussen Q8 iwwerschafft gouf, Fuerverhalen a Fuer Dynamik sollten eis di puer Deeg wou mir en dierfte fueren, ganz gutt gefalen. 

Jo tatsächlech gëtt net ze déck opgedroen wann am Pressetext vun enger "symbiose entre dynamique de conduite, design progressif et technologies innovantes" riets geet.  

Speaker:                  Audi ass jo bekannt fir e ganz héichwäertegen Interieur, gëllt da bestëmmt och fir den Q6?

(CUT 3)                          Bausse wéi bannen an der typescher DNA Audi. Alles fillt sech agreabel un. Mat der OLED Liicht Signature fir an hanne mécht de Q6 e-tron op sech opmierksam.  Am Interieur ass e beschtens opgehuewen, dat an de bequeeme Sëtzer wéi och mat all deem Info an Entertainment deen op Wonsch gebuede gëtt. Fir dass et keng Diskussiounen op laange Strécke ginn, mat separatem Ënnerhalungsprogramm fir dee nieft dem Chauffer. 

Hannendra sinn dräi Passagéier och gutt opgehuewen. E Bléck an d'Mall, do passen iwwer 525 Liter + an de Frunk fir der och nach eng Kéier 64. 

RTL
RTL

 

Speaker:                   Kucke mir nach op de Verbrauch an op d'Präislëscht

(CUT 4)                   Dat mat de versprachene 17 kw/h Verbrauch klappt trotz Top Aerodynamik an engem Test Parcours mat wéineg Autobunn Passagen net. Ënner 20 där kw Jus ass net vill ze radetten. Mat der 800 Volt Technik léisst sech dat mam Lueden wa gewënscht awer relativ séier absolvéieren.

A punkto Präis sinn et 66 000 Euro au Depart. Wien deen een oder aneren zousätzleche Package uklickt, aner Felgen oder Metallic Fuerf wëll, dee sollt dach schonn 80 Dausender aplangen.

Mee als Géigewäert kritt een e grousse confortabelen an dynameschen SUV a seng Garage.

RTL