
Haut komme mer am Automag op eng Icon ze schwätzen, en Auto, dee weltwäit seng Fans huet, an d’Verkafszuele sinn impressionant. Den Andy Brücker hat d’Geleeënheet e bësse Cabrio-Feeling mam Mazda MX-5 ze erliewen.
Et ass de beléifste Roadster weltwäit… gebaut gëtt e schonn zanter 1989 a mir si mëttlerweil an der 4. Generatioun ukomm. Iwwer 1 Millioune Mazda MX-5 goufe bis elo verkaf, dat ass e Rekord, dee wuel ni méi wäert gebrach ginn, well wéi vill 2-Sëtzer Roadster kennt dir nach, déi aktuell um Maart sinn?
Där ginn et definitiv net vill, ma et ass net de Mangel u Konkurrenz, deen den MX-5 sou beléift mécht?
Nee, sécher net. Dacks ginn et jo sou Autoe wou ee seet, aah deen do Modell gefällt den Damme gutt... oder deen doten ass éischter ee fir d’Hären. Ma beim MX-5 ass dat anescht, deen huet Queerbeet seng Fans an dat och vu jonk bis al. E wees mat sengem Look ze iwwerzeegen, ma och mat senge Fuereegenschaften... dobäi kënnt nach, dass e fiabel ass a liicht ze bedéngen.
Du wars elo mam Facelift vum aktuelle Modell ënnerwee, a wéis de mer am Virgespréich sos, et waren deng éischt Meter iwwerhaapt an engem MX-5?
Richteg... ech si jo net eréischt zanter gëschter en Autosgeck, ma tatsächlech war déi Faart mam Mazda MX-5 eng Premiere fir mech, wisou ech dann och zimmlech grouss Erwaardungen hat. Ech ka villes vun deem bestätegen, wat mer sou iwwert den Auto gezielt gouf, respektiv wat ee sou héiert am allgemengen. Et sëtzt een dran an et fillt ee sech direkt wuel. Et huet een eng gutt Iwwersiicht iwwert dat nëtzlechst an ass net iwwerfuerdert mat dosende Knäppercher an Ecranen. E bëssen irritéiert war ech vum Schalthiewel, deen am Leerlaf nawell zimmlech vibréiert huet, hu mer awer soe gelooss, dat wier beim MX-5 normal. Wann een da bis fiert, dann ass de Schalthiewel engem säi beschte Kolleeg. D’Schaltweeër si kuerz a präzis, dat mécht richteg Loscht en Ausfluch op d’Landstroossen ze maachen.
Et huet awer net alles dech komplett iwwerzeegt?
Do muss ech da leider de Motor uschwätzen. Zanter Enn vum leschte Joer kritt een den MX-5 bei eis nämlech just nach mam 1500er 4-Zylinder, deen 132 PS huet. Den Auto weit zwar just knapp iwwer 1 Tonn a mécht an där Kombinatioun och richteg Spaass, an awer goufen et Momenter, wou ech mer gewënscht hätt, ech hätt nach de Plaiséier gehat den 2 Liter mat 184 PS ze testen. Dee gëtt an Europa net méi ugebueden, well en déi aktuell Ofgasnorm net méi packt. Do deet et nach méi wéi wann ee matkritt, dass um Autosalon zu Tokio elo eng Sondereditioun mat 197 PS virgestallt gouf... ma déi kréie mir wéi gesot ni ze gesinn.
Wat ass da beim Facelift nach alles nei a wat muss een ausginn?
Nei sinn zB déi viischt Luuchten, déi ee jee no Ausstattung och elo als Matrix-LED kritt. Den Infotainement-System gouf op déi aktuellst Features ugepasst, et ginn eng Partie nei Faarwen, aner Felgen, en neien Track-Modus en en neit Spärdifferential. Fir d’Cabrio-Versioun mat dem extrem prakteschen an einfache Stoffdaach geet et lass bei knapp ënner 31.000 Euro. Wëll een den Hardtop, sinn et gutt 2.000 Euro méi.