Elektresch SUV’en huet eis Automag Ekipp reegelméisseg am Test. Haut steet mam VW ID7 Tourer zur Ofwiesslung mol e Kombi um Programm. Den Akim Schmit war fir eis mat deem Auto domat ënnerwee.

Mam Tourer erweidert VW d’ID7 Modellreih ëm e Kombi. An deen ass grouss: 4,96 m ass e laang an domat e gutt Stéck méi grouss wéi e VW ID Buzz (4,71 m).

Missioun

Den Tourer soll Familljen a Geschäftsleit iwwerzeegen, also Client’en déi bis ewell gären zum Passat Variant gegraff hunn. Dofir hunn d’Ingenieuren a Comptabel bei VW probéiert déi gëlle Mëtt tëscht Comfort, Plaz, Finitioun a Präis ze fannen.

Design

D’Basis ass d‘ID7 Limousine. De Kombi ass exakt d’selwecht laang, eenzegen Ënnerscheed ass seng Daachlinn, déi méi spéit offält a Plaz fir d’Mall schaaft: 545 bis 1.714 Liter passen eran, dat ass vill, awer manner wéi an e Passat Variant era geet (690 bis 1.920 Liter).

Banneraum

Vill Plaz, bequeem – an op Wonsch - gehëtzten a belëfte Sëtzer mat Massagefunktioun, eng smart Klimaanlag déi den Auto ofkillt ouni dass de am Duerchzuch sëtz an en Infotainment, dee villes besser mécht wéi dat an der Lescht bei VW de Fall war. Am Tourer léisst et sech gutt aushalen, kreativ Designspillereie fënnt een awer keng. E flotte Gimmick – an eng Optioun- ass de Panormadach mat „Smart Glas“, dat sech duerch integréiert Flëssegkristaller op Knappdrock vun transparent op dréif ëmschalte léisst.

Undriff

Fir Fuerspaass suergt en 286 PS (210 kW) staarken Elektromotor deen déi hënnescht Rieder undreift a 545 Nm Dréimoment huet. Entscheede muss ee sech nëmme bei der Batterie. D’Basis Versioun kënnt mam klengen Akku a 77 kWh.Dee soll ronn 600 km duerhalen a sech mat 175 kW opluede loossen. Méi wäit kënnt ee mam "Pro S". Dann ass e 86 kWh Akku verbaut dee bis zu 697 km Reechwäit versprécht an um Schnellueder mat 200 kW luet.

Op der Strooss

Virun allem dat adaptivt Fuerwierk suergt fir eng entspaante Rees; eng Optioun déi eng Iwwerleeung derwäert ass an de Kombi op Knappdrock zum Sportler mutéiere léisst. U Leeschtung feelt et nämlech net: 6,5 Sekonne gi fir de Sprint op 100 duer, d’Steierung ass präzis an d’Stroosselag richteg gutt. Um Enn vum Test a bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt louch mäi Verbrauch tëscht 18,5 an 19,9 kWh/100 km. 

Mam ID7 Tourer huet VW eng gutt Alternativ zum Passat Variant am Programm – virausgesat de Portemonnaie spillt mat: lass geet et bei 58.500 Euro.