Nom EV6 an EV9 bréngt Kia elo den EV3 op t'Strooss. En elektresche Kompakt-SUV mat vill Potenzial, wéi den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp fënnt.

Bei Kia hu se eng glécklech Hand wann et ëm hir elektresch Gamme geet. Nom Niro EV, dem Succès vum EV6 an dem XXL-SUV EV9 gëtt d’Gamme mam EV3 elo no ënnen hi komplettéiert.

Missioun

Ganz kloer: e bezuelbaren Elektro-SUV fir de breede Public op t'Rieder ze stellen a gréisser Stéckzuelen dovun ze verkafen. En Argument, dat fir den EV3 schwätzt ass säi Präis: lass geet et bei 35.600 Euro (58,3 kWh Batterie). En EV6 ass ronn 13.000 Euro méi deier an en EV9 kascht praktesch dat duebelt.

Design

Den EV3 kéint als Miniatur vum EV9 duerchgoen. Riicht Linnen a Kanten - a vill haarde Plastik laanscht d’Radkëschte - loossen e robust, ma och exzentresch wierken. Mat senge 4,30 m ass en e bësse méi laang wéi e VW Golf, woubäi en als SUV méi grouss wierkt.

Interieur

Bannendra bestëmmt e moderne minimalisteschen Design d‘Bild. D’Veraarbechtung ass gutt, helle a waarm Faarwe dominéiere. Volldigital ass dann de Cockpit: alles gëtt iwwert eng 30 Zoll breet Bildschirmlandschaft gesteiert. Gestéiert huet dat awer net: e puer Shortcuts fir duerch de Menü gëtt et, genee esou wéi Wippe fir d’Temperatur an e Knäppche fir d'Musek méi haard oder lues ze dréien.

Den Undriff

150 kW (204 PS) leescht den Elektromotor am EV3. De Stroum dofir stécht an engem 58,3 kWh Akku a liwwert 436 km Reechwäit. Wie méi brauch, kann den 81,4 kWh Akku bestelle, deen um Pabeier fir 605 km duergeet. Am Wantertest louch mäi Verbrauch bei 21 kWh op 100 km, woumat no knapp 400 km Paus ugesot ass.

Gréisste Changement

Am EV3 kënnt net déi bekannt – a performant- 800 Volt Architektur zum Asaz, mee eng „light Versioun“ op 400V Basis. An der Praxis geet d‘Lueden also net ganz esou séier iwwert d’Bün. De groussen Akku luet mat 128 kW an der Spëtzt (10-80% an 31 Minutten), dee Klenge verdréit bis zu 100 kW. Dat ass ok, awer kee Spëtzewäert.

Op der Strooss

Am Alldag ass den EV3 en entspaante Begleeder. D’Fuerwierk ass confortabel, an a Kombinatioun mat de bequeeme Sëtzer ass den Auto wéi gemaach ass fir Kilometer ze friessen. D’Stroosselag ass EV-typesch gutt, Rekorder op der Rennstreck sinn awer net dran: 7,7 Sekonne vun 0-100 an 170 km/h Spëtzt sinn éischter verstänneg Wäerter. Wat mir gefeelt huet, ass e richtege One-Pedal Mode, d’i-Pedal bréngt den Auto net zum stoen.

Apropos verstänneg: dat ass och de Präis: lass geet et bei 35.600 Euro.

Am Resumé

De Kia EV3 ass eng interessant Alternativ fir Leit, déi sech zwar fir d’Elektromobilitéit interesséieren, awer och op hire Portmonnie kucke mussen. Mat engem Präis vu ronn 35.600 Euro ginn ech staark dovun aus, dass mer en nach méi dacks op eise Stroosse gesinn.