Knapps huet en ugefaang a schonn ass en eriwwer – den Autofestival 2025. Mee keng Angscht, eisen Online-Special bleiwt nach weider online a fir den Auteur vun deem Dossier, de Paul Origer ass Zäit fir ee klenge Bilan.

06/02/2025 Automag

Paul, wat ass däi Fazit vum Festival 2025?

Ma ech hat mer tatsächlech déi zwee Sonndeger d’Zäit geholl fir de legendären Autosfestival-Feeling hautno ze erliewen an hunn, bei enger klenger Auswiel vu Marken, e Besuch gemaach. Wat mer positiv dobäi opgefall ass; et gouf herno - anescht wéi ugekënnegt - awer e puer nei Autoen, déi et vum Bréisseler Salon bis bei eis gepackt haten an do hir grouss Première gefeiert hunn. Zemools am Stellantis-Grupp war dat de Fall wou mer den neie Fiat Panda an den Opel Frontera schonn duerfte gesinn. Awer och bei Dacia gouf et de leschte Sonnden d’Iwwerraschung a Form vum neie Bigster. Aner Marken hate bestëmmt och nach Surprisen, mee leider war och meng Zäit limitéiert, esou dat ech net alles gepackt hunn.

Wéi ass dann den allgemenge Bilan bei de Garagen?

Aus e puer kuerze Gespréicher, déi ech gefouert hat, war de Festival-Effekt méi oder manner positiv. Marken, déi vill Nouvellen haten an zu Lëtzebuerg souwisou scho populär sinn, haten um Festival den übleche groussen Zoulaf. Anerer awer och e bësse manner, zemools op de soss gutt besichte Weekender war et bei deenen iwwerraschend roueg. Eng vun den Erklärunge ka sécher och dat gutt Wieder vum zweete Weekend gewiescht sinn. Mee, esou d’Meenung vu verschiddene Garagisten, vläit léisst och de Festival-Effekt mat de Joren no. D’Leit waarden nämlech net méi onbedéngt bis den Ufank vum Joer, fir sech een neien Auto ze leeschten, mee maachen dat och dacks zu aneren Zäiten. An tatsächlech ginn et och aner Perioden am Joer, wou een op d’mannst genee esou gutt, wann net nach besser Affaire maache kann.

Vläit also eng Lëtzebuerger Traditioun, déi un Attraktivitéit verléiert?

Sécher ka keen an d’Zukunft kucken, och wann en dat gäre wéilt. Mee den Trend kënnegt sech awer un. Zemools dee vun de groussen Autosmarken, hir Gefierer nach just op Kommissiounsbasis ze verkafen – heescht; am Showroom steet héchstens vun all Modell een Auto, de Client bestellt awer am Internet a kritt den Auto iwwert de Garage ausgeliwwert. Dee kasséiert dorop eng fix Kommissioun a fäerdeg. Fir d’Mark en interessante Geschäftsmodell, fir de Garage selwer en traurege Zenario. Dee Moment lount et sech och sécher net, fir de Festival oder allgemeng nach speziell Investitiounen ze maachen. Mee loosse mer den Däiwel net un d’Mauer molen – och wann et deels manner Publikum gouf, d’Begeeschterung fir den Auto zu Lëtzebuerg ass nach siichtbar do, bei jonk an al. An d’Garagen hate sech méi wéi soss dru ginn, sief et mat kulinaresche Genëss, speziellen Autoen oder soss Attraktiounen, hir Clienten ze lackelen.