
Den Nofolger vum Ateca ass ee wichtege Modell fir Cupra – schliisslech soll den Terramar den Erfolleg viruféieren a sech am populäre Segment vun de kompakten SUV behaapten. Elo stoung den neie Cupra Terramar dem Paul Origer fir een Alldagstest zur Dispositioun!
Emol statesch an emol dynamesch krute mer den Terramar schonn zu Barcelona virgestallt, elo war dann endlech d’Fro; wéi fiert en sech am Alldag?
Den Design
Iwwert deen hate mer hei scho genuch rieds, ech muss awer selwer nach emol confirméieren; Cupra ass e gudde Worf gelong an den Terramar ass op d’mannst emol fir mech ee vun deene wierklech attraktiivsten SUV! An dat virun allem och bannen, wou vill Wäert op e sportlechen Design mat opfällegen Detailer geluecht gouf, ouni d’Veraarbechtung ze vernoléissegen.
Den Undriff
Eisen Testauto war de Plugin-Hybrid; Cupra koppelt hei de bekannte 1500er TSI-Bensinner un en Elektromotor. Ass d’Batterie voll, da sinn 272 PS Systemleeschtung an eppes iwwer 100 km reng elektresch méiglech. Am wanterleche Betrib waren et awer éischter 80. Duerno heescht et nees fir minimum 1 Stonn un d’Bornen, mat 50 kW maximaler Luedleeschtung geet et leider net méi séier. Natierlech huet dat reng elektrescht Fueren och säi Reiz, op der anerer Säit ënnerstëtzt den Elektromotor mat sengem Dréihmoment beim Boosten. Effektiv geet den Terramar domat relativ sportlech vun der Plaz. Allerdéngs si 400 Nm Dréihmoment an 272 PS e bësse vill fir déi zwee viischt Rieder, zemools op naasse Stroossen ass d’Traktioun séier um Enn. Mee, wien de Cupra-SUV als Allrad wëll, dee muss op den Hybrid verzichten.
Op der Strooss
Cupra ass déi sportlech Mark an der VW-Famill, dat vermëttelt den Design mee och déi sportlech Sëtzer, dat grëffegt Steierrad an de Cupra-Knäppchen um Steier. Mat him kann de Chauffer nach emol Motor a Fuerwierk upassen, kritt, wann e wëll och nach kënschtlesche 5-Zylinder-Sound virgegaukelt. Komesch just, dat esouguer am Cupra-Modus bei sportlechem Fuerstil de Verbrenner sech awer permanent ausschalt an op E-Modus wiesselt. Ganz gutt gelong ass déi bommesécher Stroosselaach an de gudde Feedback. An och op laange Strecke gefällt den Terramar mat sengem gudde Confort a senger fonktionneller Technik. Zemools nuets begeeschteren do déi nei an optional Matrix-LED-Pharen mat exzellenter Ausliichtung. Just bei der Boîte gouf gespuert; nëmme 6 Gäng heescht relativ héich Touren bei Autobunn-Tempo; och wann den E-Hybrid dacks a relativ diskret an den Elektromodus wiesselt, hält dat de Verbrauch net onbedéngt niddereg. Ronn 7 – 8 Liter, zügeg gefuer an dacks gelueden – dat kritt ee gudden Diesel och hin. A leider behält d’DSG-Boîte hir Naupen, wat heiansdo ruckeg Gangwiessel ugeet.
Am Résumé
E bësse Kritik um Undriw mee summa summarum ee wierklech gutt gelongen Auto. Den Terramar huet awer och säi Präis; minimum 42.800 Euro si fälleg, eise Plugin-Hybrid start bei iwwer 55.000 a ka, mat e puer Optiounen, ganz séier bei iwwer 60.000 Euro landen.