Di 101. Editioun vun der Brussels Motor Show am Januar war en Erfolleg. Welt- an Europapremièren haten et bis dohi gepakt, och därer aus dem Stellantis Grupp. Zu deem jo Marke wéi Citroën, Peugeot, Opel, DS, Fiat, Alfa Romeo an och Lancia gehéieren.

Wéi positionéiert sech de Grupp fir Zukunft, wéi eng Ambitiounen huet een? De Christian Schmit huet sech mat de Responsabelen aus der Chef-Etage kënnen ënnerhalen. 

17/02/2025 Automag Stellantis op der Brussels Motor Show (MAT USO)

Mat iwwer 300 000 Visiteure war een zefridde mat der 2025er Editioun. De Grupp Stellantis, dat si jo an tëscht 14 Marken. Bon déi ware net all zu Bréissel present, mee mat der DS 8 hat een awer och eng Weltpremière mat dobäi. Kloer dass d'Mobilitéit an Elektrifikatioun en Thema waren, genee wéi ëmmer méi Modeller "Made in China". E puer CEO'en vun Stellantis stoungen eis fir en Interview zur Dispositioun. Ugefaange mat deem vu Citroën, dem Thierry Koskas, dee sech zimmlech optimistesch gouf bei der Transitioun bei Elektroautoen.

Je pense que Citroën est particulierement bien placé parce qu'on propose des voitures électriques abordables avec ë C3 et Aircross. Cela rend l'achat à une voiture électrique plus simple pour les clients. Les chiffres le montrent. 40 % des C3 commandées y sont électriques ce qui est très encourageant.

Wéi kann a wëll e reagéieren ob eng Multitude u chineesesche Marken a Modeller déi bei eis lancéiert ginn?

La seule façon de réagir, c'est de réagir avec les mêmes armes. C'est à dire qu'il ne faut absolument pas compter sur le fait qu'on aura des taxes ou des barrières. Parce qu'on sait à un moment cela ne va durer toute la vie. Et donc se battre aves les mêmes armes, c'est à dire, arriver à être compétitif par rapport aux productions chinoises. Et on est capable de le faire y compris en Europe.

Eriwwer bei de CEO Santo Ficile vun Alfa Romeo a Maserati. Hei huet de neie Mann d'Missioun d'Balance tëscht Traditioun an Innovatioun, resp. nei Erwaardunge fir Zukunft ze fannen.

Duerch hire Status als Premium Mark am Stellantis Grupp kréie Modeller wéi de Stelvio an Guilia e Nofollger?

Yes for sure. We are selling so we will keep the two models. We are working on the new models, we will launch the Stelvio BEV in 2025 and the Guilia in 2026. And we are working on the Hybrid versions for both of them.

Och hei geet also alles a Richtung Elektrifikatioun vun der Gamme. Mol gespaant ob d'Clientèle, oder agefleeschten Alfisti do matzéien.

D'Roll vu Lancia, Neies bei Fiat, a wéi schléit sech Peugeot am Stellantis Grupp. Dat gi mir dann en Donneschdeg am nächsten Automag gewuer. 

RTL