Am Januar goung de Bréisseler Auto Salon 2025, jo elo Brussels Motor Show gedeeft, mat engem remarkabele Succès op en Enn. Och deen huet gewisen dass den Interessi fir Automobil a Mobilitéit weiderhi Bestand huet. Dat huet een och bei de Nouveautéite vu Stellantis konnte feststellen. Do interesséiere mir eis haut fir d'Evolutioun bei Lancia, Fiat a Peugeot. De Christian Schmit.

20/02/2025 Automag Brussels Motor Show Nolies (MAT USO)

Jo och bei dëse Marke waren d'CEOen um Bréisseler Auto Salon a stoungen eis Riet an Äentwert. Bei Lancia ass et de Luca Napolitano deen eis houfreg verzielt dass en nees Ambitiounen am Rallye Sport huet, an dofir ass och de fréiere Pilot Miki Biasion als Ambassadeur engagéiert ginn.

Fantastic person, and he is working with us in the Lancia Team to setup our Ypsilon HF Rallye 4. We are pretty ready to enter in our 2025 Trophy in Italy, and which proof us that the Rallye Sport is probably the right choice.

Et wéilt een elo mol bescheiden ufänken, fir da no an no nees vläicht grouss Erfolleger bei Rallyen ze feieren, déi sech da bei de Vente vu Modeller sollen erëmspigelen. Gamma an Delta als Modeller kéinten dann hir Renaissance feieren.

RTL

Urban Mobility dat ass den Terrain op deem Fiat / Abarth dominéiere wëll, esou de CEO Gaetano Thorel, en ale Bekannten am Automobil Business. Mam Fiat Grande Panda E a mam Abarth 600 E géif e weisen dass d'Entwécklung vun engem E-Auto zum Präis vun engem thermesche Modell méiglech wär. Gläichzäiteg mengt hien och dass et Transitiounen am Automobil Secteur schonn ëmmer gouf.

10 years ago, 15 years ago the same industry was going under a transition on different subjects. Then we moved from normal thermic to Diesel, it was a transition. This one is bigger, because you have the electric cars on one side, and digital connectivity on the other. But personally I find it very exciting.

A gesäit Chance mat de neien Technologien d'Attraktivitéit fir den Auto och bei Jonken nei ze entfachen.

RTL

Bei Peugeot war et nach d'CEO Linda Jackson, déi jo elo bei Stellantis a Pensioun geet, déi hannerléisst d'Mark mam Léiw mat guddem Gewëssen hannerléisst, wëll mat attraktivem Design weess een ze begeeschteren an d'Vente stëmmen. A propos Design, vill Marke lancéiere jo elo d'Renaissance vu vergaangene Modeller. Ikone ginn nees, wann och a modernem Design Kleed, zum Liewen erwächt. Ass do vläicht och bei hinne mat "neien" 205, oder 504 ze rechnen?

J'aime beaucoup le rétro, le design et tout ça. Mais franchement moi je préfère de prendre quelques points qui sont intéressant et qui ont été très important dans notre passé, et de mettre cela dans un design qui est plus moderne. Donc je ne suis pas fan d'un 205 rétro. Inspiré par le passé, mais il faut à mon avis créer un nouveau futur, une nouvelle arrivée.

An och d'Frënn vu Coupé a Cabriolet, déi bei Peugeot laang am Programm waren, komme net op Tapéit a bleiwen och weiderhin aus Rentabilitéitsgrënn tabu.

RTL

Dat gëllt awer net fir eng weider Editioun vun der Brussels Motor Show. D'Editioun 102 am Januar 2026 ass sécher, an dat bestëmmt och nees mat ville neien a spannende Modeller a Sujete ronderëm d'Mobilitéit.