E neie VW an der Gamme ass haut Thema am Automag. Et ass e weideren SUV dee sech an de Portfolio vun der Mark areit. Gouf op de Numm Tayron gedeeft a ka mat 7 Sëtzer bestallt ginn, an eegent sech esou och fir Leit mat méi Plaz Uspréch.


De Christian Schmit war fir eis op der Presentatioun an huet erausfont wat dee Modell da nach esou kann. Gudde mëtteg 

(CUT 1)            Salut. Jo mir waren a Südfrankräich mam VW Tayron ënnerwee. De Bustaf T steet jo beim Wolfsbuerger Konstrukteur ëmmer fir en SUV. Vum klengen T-Cross, T-Roc, Tiguan an de groussen Touareg. Op den éischte Bléck seet e sech, ma dat do ass dach just en Tiguan an der Verlängerung. Mee deem ass net esou, baussen ënnerscheeden di zwee Modeller sech dach schonn, an och VW wëll säin Tayron als eegestännege Modell verstan gesinn. 

Speaker:              An dat geléngt dem Tayron?

(CUT 2)                Also et ass jo esou dass den Top Modell Touareg villen dach elo eng Nummer ze grouss ginn ass, awer trotzdem vill Plaz an der Mall fir Hobby a Fräizäit brauchen. Do kéint dat da scho Sënn maachen, an eben och fir zu 7 kënnen ënnerwee sinn.

Den Tayron ass och bewosst mat ville Luxus Featuren equipéiert a soll esou um Bord vum Premium Segment matspillen. Vun Wellness Interieur geet do esouguer riets. Bon Veraarbechtung ass top, an haarde Plastik bleift dobaussen. Genee wéi Kaméidi vun do, speziellt akustescht Glas mécht et méiglech.  Bannenan fale gläich de 15 Zoll Ecran op, an Driving Experience Switch an der Mëttel Konsol. Up to date natierlech a Saache Connectivity a Voice Assistant mat Chat GPT. Aus de Boxe kënnt Musek an Harman-Kardon Qualitéit. 

Speaker:              Vill Choix gëtt ënnert der Hauf gebueden?

(CUT 3)               Jo d'VW Regal ass do gutt ausstafféiert. Bensinner, Diesel, oder Plug-In Hybrid alles geet. Vum 1500er Mild Hybrid an 150 PS iwwer TSI an TDI erop bis 272 PS System Leeschtung fir de Plug-In Hybrid. Op ville Marchéen ass och den Diesel nach gefrot. Mat deem ware mir och ënnerwee. Bei Power, Fuerleeschtungen a Verbrauch gëtt et näischt ze meckeren, mee d'Moteurgeräischer sinn dach net ze iwwerhéieren.

Mee vläicht si mir och schonn ze vill un E-Autoe gewinnt mat quasi  0 Dezibel.


Méi Zäit hu mir mat der Hybrid Versioun verbruecht. Neierdéngs sinn elo bis iwwer 100km reng elektresch dran. Op eisem Test Parcours vun der Côte erop an d'Alpes Maritimes huet dat gutt geklappt. Mam Resultat dass mir mat 2 Liter Verbrauch zuwee komm sinn, an 13 kw/h.

E Bemol gëtt et awer. An der Plug-In Hybrid Versioun ass keng 4 Motion, 4X4 Traktioun méiglech, an och als 7 Sëtzer kann e net bestallt ginn. D'Batterie hëlt ze vill Plaz an. 

Speaker:               An a punkto Fuerverhalen a Confort ?

(CUT 4)                 Also bei VW versteet e jo d'Handwierk fir hir Modeller ausgeglach ofzestëmmen. Dat gëllt och fir den heiten. Duerch e laange Rad Stand ass een ganz confortabel ënnerwee. An de Massage Sëtzer gutt opgehuewen, vill Plaz fir d'Knéien an der zweeter Rei, hannenaus dat ass awer éischter eppes fir Kanner.

Mee wann di Sëtz Reie net gebraucht ginn, da kënnt dir mat 2000 Liter Volume op Akafstour oder Plënneraktioun goen. A wann dat nach net duer geet, den VW Tayron dierf och nach Remorque vun 2500kg nozéien.

Speaker.              Wat géif en dann als Fazit festhalen a wat kascht de groussen Tayron.

(CUT 5)                Also nobäi 4m 80 laangen Tayron ass schonn en interessanten Allrounder. Houfreg ass een och ze vermellen dass en zu zu Wolfsbuerg entwéckelt an och do vum Band leeft. 

Kann an der Life, Elegance oder R Versioun configuréiert ginn, a kascht tëscht 44 000 an 51 500 Euro virun Optiounen. 

An esou passt den Tayron dann och hei genee tëscht Tiguan an Touareg.