
Leschte Samschdeg war den internationalen Fraendag. An eng international Ikon am Automobil-Secteur huet leschte Samschdeg säi 75. Gebuertsdag gefeiert. De VW Bulli! Den 8. Mäerz 1950 ass deen éischten T1 zu Wolfsburg vum Band gelaf. Antëscht ass ee jo och beim Bulli am E-Zäitalter ukomm. Hei zu Lëtzebuerg gouf dat gefeiert mat enger Randonnée duerch d'Land. Vum T1 bis zum ID Buzz war all Generatioun vertrueden. Fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.
Genee. D' Konzept fir den T1, dat war an sech eng Iddi vum Ben Pon, engem hollänneschen VW Importateur, dee 1947 eng Skizz vun engem kompakten Transporter gemoolt huet. A genee déi sollt de Grondstee ginn fir de VW T1. Mat grad emol 30 PS goung et lass, dee stäerkste VW Bulli ass haut en elektresche GTX mat 340 där Päerd Leeschtung. Bis haut gëllt de Bulli als deen am längste gebauten Utilitär an Europa, a längst Kult säit enger gefillten Éiwegkeet. Och bei eis zu Lëtzebuerg ass dat net anescht. Ob jonk oder méi al, de VW Bulli huet seng Fan-Communautéit.Wat ass dann d'Faszinatioun Bulli wollt ech wëssen?
VW Geschicht, Reesen, Confort, Abenteuer und hoffentlich noch viele Jahre Fun. Fir mech vill schéi Stonne mam Käfer Club Lëtzebuerg. Kann een de Bulli op villerlee Art a Weis benotzen. Als Transporter, Bus fir an d'Vakans ze fueren, an et ginn esou vill Leit, déi hire Bulli ëmbauen als Camper. Absolute Kult-Auto, Fräiheet pur. D'Verbindung tëscht Vergaangenheet an Zukunft. Vum T1 bis zum ID Buzz. D'Geschicht vu VW ganz einfach.
A wou huet en net iwwerall Karriär gemaach. Op alle Kontinente war de Bulli schonn ënnerwee, ob als Camper oder Transporter. Bulli steet iwwregens jo fir "Bus und Lieferwagen". Den Allrounder huet sech Millioune mol als Multi Talent erwisen. An all Proprietaire huet seng perséinlech Story, déi hie mam Bulli erlieft huet. 1967 dunn den T2, a ville Variatiounen a robust Eegenschafte waren de Garant fir e weltwäite Succès. Den T3 koum 1979 mat Katalysator, Turbo-Diesel an Allrad-Traktioun. 14 Joer sollt den T4 gebaut ginn, e Raum Wonner an elo Traction avant. Den Design vum T5 gëllt als Meilesteen, a beim Sammler ass deen och scho ganz gefrot. Mat engem T6 an T6.1 ass méi Confort an Digitaliséierung u Bord komm.
Vum éischte vun 1950 sinn haut 2025 dräi Baureie méiglech. Nennt sech elo Transporter / Caravelle, Multivan / California an ID Buzz / ID Buzz Cargo.
Mee zeréck zum Haaptacteur vum Dag, dem Gebuertsdagskand T1. An dësem Fall de Samba Bus vum Armand Gleis.


Ech hunn ëmmer dovu gedreemt, an dunn duerch Zoufall fir mech, e schlechte fir en aneren, ass de Wonsch an Erfëllung gaangen. Fir d'éischt ass en als Taxi gefuer, an dunn als Hippi-Bus, an dunn huet nach en Entrepreneur e futti gemaach.
2000 Stonne Restauratioun koumen zesumme fir dëse Bijou. Mam T1 Samba Bus ënnerwee sinn, domat mécht hie sech eng Freed, awer och gären aneren?
Ech fueren e Samschdeg och eng Hochzäit domat, oder e Gebuertsdag oder esou. Et ass eppes Extraes, et ass en Dram, mengen ech fir jiddereen, iwwerall kritt e gewénkt, t'ass flott, an et fiert sech och gutt.
An eent ass sécher fir kee Geld vun der Welt, wéilt den Armand Gleis en nees hierginn.


Neen, hier ginn ech e net!
75 Joer VW Bulli. Happy Birthday an hoffentlech dierfs du esou bleiwe wéi's du ëmmer waars.