
© Akim Schmit
Et kann ee vun enger Ikon schwätzen: am Automag vun haut kucke mer eis déi siwent Generatioun vum VW Transporter un déi VW pünktlech fir de 75. Gebuertsdag vum Transport lancéiert. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp mat den Detailer.
Ass den neien Transporter iwwerhaapt nach e VW? Dat ass déi grouss Fro well: anescht wéi de Multivan steet den Transporter op enger eegener Plattform. An déi gouf net zu Hannover bei VW Nutzfahrzeuge entwéckelt, mee bei Ford akaf. An esou stécht am neien T7 nawell méi Transit Custom, wéi een menge géif.
Op den éischte Bléck, do wiere mer bei der Optik. Wourunner ënnerscheede sech da VW Transporter a Spender?
Virun allem vu vir gesäit alles no Transporter aus: vun de Luuchten bis zu de Lëftungsaläss. An der Säitelinn klappt dat manner; besonnesch d’D-Sail verréit d‘Famill. D’Réckluuchten gräifen dann awer nees d’VW Designsprooch op.
Mee och bannendra gëtt een d’Gefill net lass, dass eppes anescht ass: den Opbau vun den Instrumenter an dem Infotainmentsystem kenne mer vu Ford. Fir méi Transporter-Feeling goufen d‘Grafiken a Menüer ugepasst, d’Software selwer kënnt awer vu Ford. Fir de Rescht ass den Interieur zweckméisseg: egal op Transporter oder Transit, se sinn net do fir schéin ze maache, mee fir ze schaffen.
Et kënnt also op déi bannescht Wäerter un... Woubäi d’Uspréch ganz ënnerschiddlech si kënnen.
An elo misst ech relativ wäit aushuelen, ech probéiere mech awer kuerz ze halen. D’Stäerkt an den Erfolleg vum VW Transporter leien a senger Variabilitéit. Och déi siwent Generatioun gëtt et als Këschtewôn ouni Fënsteren, mat enger oder zwou Sëtzreihen, als Kombi, als „Pritsche“ ganz ouni hënnescht Kabinn, esou wéi een et zB vu Chantiers-Camionnette kennt, oder als Caravelle.
Den Transporter dréit säin Numm jo net ëmsoss. Wéi gesäit et domat aus?
An der Basis klëmmt de Volume am Verglach zum Virgänger (T6.1) ëm 10 Prozent (op 5,8 m3 bis 9 m3 mam lange Radstand an Héichdach). Spezial-Ausbaute bleiwe kompatibel versprécht VW. D’Zouluedung ass iwwerdeems an d’Luucht gaang: bis zu 1,33 Tonnen dierfs de kutschéieren. Dat sinn am Optimalfall 130 kg méi wéi bis elo – allerdéngs hänkt dat e bëssen dovun of, fir wéien Undriffs de dech entscheets.
An do gëtt et nëmmen nach Elektro?
Net nëmmen! Nieft dem Diesel mat 110, 150 oder 170 Päerd kënnt Ufank 2026 nach e Plug-In Hybrid (232 PS) dobäi. Ganz nei ass dogéint den e-Transporter dee reng elektresch fiert an 100 kW (136 PS), 160 kW (218 PS) an 210 kW (286 PS) Leeschtung opweises huet.
Mat senger 64 kWh-Batterie si – mam klenge Motor – bis zu 350 km méiglech. Op enger flaacher a gemittlecher 100 Kilometer-Ronn louch mäi Verbrauch bei 25,0 kWh/100 km. Gemittlech ass den e-Transporter och beim lueden: bis zu 125 kW (DC) zitt en um Schnelllueder. Domat verginn 39 Minutte fir vun 10 op 80 Prozent ze lueden.
Wéi ass dann däin Androck vum neien Transporter?
VW huet eng zolidd an erproufte Basis fir den neien T7 gewielt an op den éischte Kilometer huet en e gudden Androck hannerlooss. Spannend gëtt awer net just wéi d’Kooperatioun tëscht deenen zwee Constructeure ukënnt, mee och, wéi den e-Transporter an d’e-Caravelle sech um Marché etabléiere. De „Kastenwagen“ start bei 35.000 Euro, als e-Transporter fänkt d’Präislëscht bei 53.000 Euro un. An och Caravelle (42.000) an e-Caravelle (61.000) trenne knapp 19.000 Euro.
+ Choix beim Undriff
+ Praktesch
+ Agréabel ze fueren
- E-Undriff net "state of the art"
- Kee VW-Gefill
- Säftege Supplément fir BEV-Versiounen