
Mercedes ännert seng Strategie; Vum Auto fir bal jiddereen zum Luxusobjet. Dat wat de Mercedes-Chef Ola Källenius 2022 ugekënnegt hat, trëtt elo an. A- a B-Klass sinn dout, d’Entrée an d’Mercedes-Welt mécht deen neien CLA. De Paul Origer war virun der offizieller Virstellung zu Roum vum leschten Donneschden schonn am Februar op der Avant-Première zu Sindelfingen an huet eis seng Andréck matbruecht.
Paul, den neien CLA ass aus ville Grënn ee vun de wichtegste Modeller fir Mercedes!
Dat ass richteg. De kompakte Coupé mat 4 Diere start op enger komplett neier Plattform, déi spéider d'Basis fir nach dräi weider Modeller mécht. A Mercedes versicht mam CLA nach emol seng Clientèle fir d’Elektromobilitéit ze begeeschteren – eng Aktioun déi mat EQS a Co jo nach net esou gelonge war.
Huet deen neien CLA dann d’Potential fir zu engem Erfolleg ze ginn?
Wa mer mol beim Design starten, fir mech jo. Deen éischte lancéierte Modell ass wéi scho gesot ee 4-dierege Coupé, elegant a sportlech a mat deenen typesche Mercedes-Attributer üppeg ausstafféiert. Vum breede Stäregrill, iwwert den ugedeite Logo an de Pharen bis zur Luuchtsignatur hannen gëtt nawell vill iwwert d’Luuchttechnik definéiert. Dat den CLA nawell gutt an all Richtunge gewuess ass, kritt den Design méi oder manner kaschéiert. Wëll déi grouss Batterie am Buedem brauch Plaz a léisst d’Karosserie un Héicht gewannen. Am Banneraum dominéiert deen neien, ganz simpel am Bauhaus-Still gehalenen Tableau de Bord, deen ee mat 2 oder dräi digitale Schiermer kritt. Typesch CLA sinn déi nach ëmmer relativ enk Plazverhältnisser, déi dem Design geschëlt sinn, mee Fans vu lëftege Banneraim sti jo nach aner Modeller bevir. Belount gëtt een esou oder esou mat flotten neie Matièren, Fuerfkombinatiounen an Designléisungen.
D’Form bleiwt jo dann relativ no um Virgänger – erliewe mer bei der Technik dann eng Revolutioun?
Wat elo d’BEV-Versioun ubelaangt, do versprécht Mercedes effektiv bei der Batterietechnik ee Meilesteen. De reng elektreschen CLA soll mat deels wäit ënner 15 kW-Stonne Verbrauch immens spuersam sinn a knapp 800 km Autonomie matbréngen. Dat ass eng Uso! Scho bal logesch ass dann och 800-Volt-Technik déi schnellt Opluede mat bis zu 320 kW méiglech mécht. Dës gouf esouguer wärend engem 24 Stonnen an 3717 km laange High-Speed Marathon op der Teststreck zu Nardo getest. Natierlech si mer och bei Software an Infotainment um neiste Stand; den neie Betribssystem MB.OS kritt Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz, Updates vum leeschtungsstarke Computer kënne stänneg over the air gemaach ginn.
Dat kléngt op jidde Fall spannend! Wéi geet et dann elo virun?
Bestelle kann een den neien CLA am Mee, dee Moment ginn et natierlech och d'Präisser. Ze kréien ass nieft der BEV-Versioun awer och nach ee Plugin-Hybrid. Spéider lancéiert Mercedes dann d’Shooting-Brake Kombi-Versioun, ee GLB-Nofolger am Stil vum legendäre G-Modell an ee sportleche SUV am Stil vum GLA.