Den VW ID Buzz kritt méi Muskelen, a geet an d'Verlängerung. Esou kéint een den Automag vun haut iwwerschreiwen. 

Wéi grouss a wéi staark ass deen dann elo? De Christian Schmit hat en am Test, salut Christian... 

Salut. Also bei senger Presentatioun 2022 zu Kopenhagen gouf e gefeiert wéi e Star. Den ID BUZZ. Mee esou ganz vill gesäit een der am alldeegleche Stroosse Bild net. Dowéinst gëtt dann elo eng Schëpp nogeluegt. Kënnt dann elo op nobäi 5m a mat dräi Sëtz Reien och elo 7 Plazen, a mat 340 PS System Leeschtung ass et och elo dee stärksten. Mat engem E-Motor un der hënneschter Achs an engem un der viischter, ass elo eng Allrad Traktioun u Bord.

Speaker:               Awer et bleift bei reng elektresch?

Jo den ID BUZZ, och als GTX ass et en 100% Elektro Auto oder an dësem Fall E-Bus. D'Batterie ass och vun 77 op 86kw/h gewuess, an do sollen, esou VW 470km dra sinn. Deem ass awer net esou. Trotz Fréijoers Temperaturen, an meescht net sportive Fuer Alluren, koume mir just op 400km Autonomie. 

Speaker:              Wéi fiert sech dann de grousse VW Bus ?

Also et beweegt e schonn e grousst Gefier. Mee d'Carosserie ass iwwersiichtlech a vill elektronesch Hëllefe suergen dofir dass e néierens uneckt. Duerch de laange Raadstand vun iwwer 3 Meter ass e ganz confortabel ënnerwee. Fiederung a Fuerverhalen eng Spuer méi dynamesch wéi beim "normalen" ID BUZZ.

An eppes iwwer 6 Sekonnen ass een op 100, mee bei net esou sportiven 160 km/h ass Schluss. Bei aneren E-Autoen ass dat och de Fall, mee grad bei engem GTX? Nujee dem Verbrauch kënnt dat sécherlech ze gutt, wëll dee leit souwisou scho bei tescht 23 a 27 kw/h.

Speaker:            7 Leit dierfe jo dann elo op d'Rees goen, fillen déi sech da wuel banenan?

Soe mir mol esou. Chauffer a Bäifuerer, an och an der zweeter Rei ass et Business Class mat S¨tzheizung a separtrater Klima Anlag. Déi zwee hënnescht Sëtzer éischter Economy. Den Accès dohi geléngt relativ gutt, mee all ze grouss soll een awer net sinn. Di rout Néit un de Sëtzer an de gesteppten GTX Emblème falen op a gefalen.

An der Mall ginn et Gefaacher fir d'Kabelen ze verstauen, jo a wa manner Passagéier matfueren da gëtt et eng Gewan u Plaz fir Plënner oder Akafswënsch.

Speaker:           Wat kascht de GTX a wat hale mir fest?

Bon de Basis Präis leit bei ronn 66 000 Euro. Do kënnt och scho vill Ekipement de série. Trotzdeem dierft et kaum bei deem Präis bleiwen bis en doheem an der Garage land. Bleift leider de Probleem mat der Autonomie. Wëll dee ganz agilen ID BUZZ GTX mat esou vill Power gëtt jo als 7 Sëtzer net just genotzt fir d'Kanner op den Training, op e Match oder an d'Muselksprouf ze kutschéieren.