Am Automag vun haut kucke mer eis en Automodell méi genee un, deen ee wierklech dacks op eise Stroosse gesäit. Rieds ass vum 1er-BMW. An do gëtt et net just e Facelift, nee et ass e komplett neie Model, deen den Andy Brücker huet dierfe probéieren. 

27/03/2025 Automag

Et ass déi 4. Generatioun vum 1er BMW an e lauschtert op de Kierzel F70, géintiwwer dem Virgänger F40, dee vun 2019 bis 2024 gebaut gouf. Den neie Modell ass elo awer keng Revolutioun... wisou och riskéiere seng Clientèle mat ze vill Ännerungen ze vergraulen. Allerdéngs ginn et optesch scho ganz kloer Neierungen, déi den 1er BMW méi «frësch» an dynamesch do stoe loossen. En ass liicht gewuess an den Dimensiounen, dat ëm 42mm an der Längt an 25mm an der Héicht. Bei der Längt ass et warscheinlech de Beräich ëm d’Calander, deen dofir responsabel ass, well déi ass e bësse méi wäit no vir gezunn, wouduerch de Capot méi laang wierkt. D’BMW-Nier ass dann och nees méi flaach gerode wéi beim Virgänger, wat mir perséinlech besser gefällt. 

Eng ganz Partie Ännerungen deemno baussen, wéi ass d’Entwécklung dann am Interieur?

Hei ass zum Beispill de sougenannte «Curved Display» doheem, deen ech esou och scho beim 5er BMW entdeckt hunn. Och d’Steierrad war änlech, vun dohir hunn ech mech séier zurecht fonnt. Mëttlerweil ass Ambiente-Beleuchtung jo och e grousst Thema an den Autoen. Hei huet mech déi lénks nieft dem Steierrad awer zimmlech genervt, well d’Reflexioun dovunner over genee am lénkse Säitespigel ze gesi war, an ee keng gutt Vue no baussen hat. Do heescht et d’Intensitéit vun der Beleuchtung owes erofzesetzen, well soss ass de Réckspigel kaum ze benotzen.

En Auto ass jo fir ze fueren do, wat kanns de eis dann do betreffend dem neien 1er zielen, wéi eng Motorisatioune ginn et zum Beispill?

Et huet een de Choix tëscht 4 Bensinner an 2 Dieselen. E Plugin-Hybrid gëtt et net. Geschalt gëtt ëmmer iwwert eng Steptronic-Automatik-Boite, Handschalter kritt ee kee méi. Mir haten d’Topversioun M135 xdrive am Test, deemno en 2-Liter Bensinner mat 300 PS, 400 NM Dréimoment an Allrad. Dat si 6 PS manner wéi beim Virgänger a souguer 50Nm manner.

Déi Tendenz no ënne spigelt sech zB. och beim Diesel erëm. Den 120d huet keng 190 PS méi, ma just nach 163.

Zu gudder Lescht dann nach déi standardgeméiss Fro nom Präis...

Fir de klenge Bensinner mat 122 PS geet et lass bei bal 32.000 Euro. Eisen Testauto koum mat Optiounen op eng stolz Zomm vun 67.540,89 Euro.