
© RTL / Christian Schmit
Haut am Automag presentéiere mir den Toyota Prius. De Prius kann een als Pionéier an der Hybrid Technik ugesinn. An der 5. Generatioun ass en elo nach vill méi modern a méi staark wéi jee virdrun. De Christian Schmit war domat ënnerwee.
Mam Toyota Prius anno 2025 fält een op, an dat louch elo net just un der Faarw "maximum yellow" - op lëtzebuergesch moschtergiel.
Well wann d'Kanner am Schoulhaff de Ball fale loossen an de Schoulmeeschter froe wéi een Auto dat ass, a wa gestane Männer déi mat rengrassege Sportsween ënnerwee sinn, froe fir matzefueren, jo dann ass den Design jo scho mol gelongen.
Design
Et ass eng ganz aerodynamesch 4-diereg Coupé Limousine mat eleganter Silhouette, déi den Designer realiséiert huet. 4m 60 laang, méi breet wéi de Virgänger awer ganzer 5cm méi niddreg. Also fréier ware Priuse ganz gefrot bei Taxi-Entreprisen, bon dat schéngt awer mat deem Neien net méi de Fall ze sinn. Déi progressiv Coupé Linn erlaabt keen "easy entry".

© RTL / Christian Schmit
Bensinner oder rengen E-Auto?
Béides! Den Toyota Prius ka just als Plug-In Hybrid bestallt ginn. Den 2 Liter leescht awer elo mat deenen 2 Moteuren 223 PS, dat sinn der 100 méi wéi beim Modell virdrun. Och d'Autonomie fir reng elektresch ënnerwee ze sinn ass op gutt 80km gewuess.
Dat harmonéiert am Alldag ganz gutt, duerch d'Recuperatioun beim Bremse kann een zimmlech vill ouni Dezibel ënnerwee sinn. E Verbrauch vun just emol 2 - 3 Liter ass duerchaus realistesch. Zemools e sech muss ëmstellen op di stufelos CVT Boîte. Et heescht gemälleg an douce acceleréieren, brüsk Beweegunge mam rietse Fous gi mat vill Dezibel quittéiert. Kann awer a 7 Sekonnen op 100 sinn, an 177 Spëtzt sinn dran.

© RTL / Christian Schmit
Intérieur?
Den Intérieur weess ze gefalen. En ass modern mat zwee Ecranen, vläicht heiansdo eng Grëtz verspillt, an di gutt al Knäppercher dierfe bleiwen. D'Sëtzer si bequeem, hanne sollten d'Passagéier net ze grouss sinn, soss stéisst ee mam Kapp uewe widder. Vill Glas am Daach léisst den Interieur méi lëfteg wierken.

© RTL / Christian Schmit

© RTL / Christian Schmit
En Auto quasi ouni Optiounen?
1997 huet Toyota den Hybrid salonfäeg gemaach, an esou mam Prius bis an d'Automobil Chronik gepackt. Ob dat deem Neien och geléngt? Et dierf e gespaant sinn. Bon déi international Presentatioun war am Juni 2023, an dach mécht e sech nach ganz rar. Vläicht läit et awer och um Präis? No bei 50.000 Euro, dat ass dach ganz selbstbewosst, trotz guddem Ekipement a ganz niddregem Verbrauch.

© RTL / Christian Schmit