2 Joer sinn et elo schonn, dat d’Mark smart ënnert dem Mammenhaus Geely en neie Start gemaach huet. Nom Test vum smart #1 virun engem gudde Joer ass elo den Tour un der Coupé-Versioun #3 gewiescht. Wéi deen sech am Alldag gemaach huet, dat huet de Paul Origer fir eis erfuer!

03/04/2025 AUTOMAG smart #3 Brabus

Eppes schonn emol direkt, och den #3 huet näischt mat sengem butzege Virgänger um Hutt. Déi aktuell nach feelend Zuelen hannert dem # loossen awer nach op weider Modeller hoffen – vläit ass do jo nees ee praktesche kuerzen Zweesëtzer derbäi?

Den Design

Mee elo mol bei den #3 – am moudesche Jargon kann een deen och als klengen SUV-Coupé duerchgoe loossen. Anescht wéi d’Nummer 1 ass den Daach e gudde Krack méi niddereg a geet no hanne sportlech erof, ausserdeem streckt sech de sportleche Brudder nach emol 13 cm méi an d’Längt. Dat deet der Optik nawell gutt, zemools a Kombinatioun mat der Brabus-Topversioun, déi hei an do nach e puer sportlech Akzenter a Form vu Felgen, roude Baguetten an Entlüftunge setzt.

Den Interieur

Dee gläicht dem #1 eigentlech 1 zu 1, de Spezialist erkennt awer déi 3 ronn amplaz 2 oval Lëftungsdüsen an der Mëtt. Typesch Brabus ass dann hei nach dee méi sportlech däischtere Banneraum, déi rout Gurten an d’Integralsëtzer am schwaarzen Alcantara. Säitenhalt a Sëtzconfort sinn impeccabel, allerdéngs hu mir déi net verstellbar Kappstützen immens onangeneem an d’Genéck gedréckt. A leider stéiert mech och hei nees déi breet Mëttelkonsol déi stänneg a Kontakt mat mengem rietse Knéi stoung. Trotz dem méi nidderegen Daach bleift d’Kappfräiheet nach agreabel, déi sportlech Silhouette bréngt esouguer knapp 40 Liter méi Mall, wann och dee schifen Deckel Talent beim Tässele freet.

Op der Strooss

Et steet net nëmme Brabus drop, et stécht och Brabus dran! 428 PS Spëtzeleeschtung an eng Beschleunegung op 100 an nëmmen 3,7 Sekonnen. Mäi leschten Testauto, deen dat konnt, huet bal 3 mol esouvill kascht. Traktioun a Stroosselag si wierklech kee Problem, just d’Gewiicht deet an de Kéieren d’Pneuen nawell vill schaffen. Natierlech ass een net dauernd mat schwéierem Fouss ënnerwee, dee Moment packt den #3 ëm déi 400 km mat enger Batterie. Erfreelecherweis geet d’Luede relativ séier; 150 kW packt e maximal, relativ dacks gëtt d’100er Mark geknackt. An esouguer um Typ 2-Stecker gëtt net gelappt, mee mat vollen 22 kW gelueden.

Am Résumé

U sech e gudde Bilan fir dee wiesentlech méi flotten #3. E puer Schrullegkeete mussen awer nogebessert ginn; d’Menuféierung beim Infotainment ass relativ komplizéiert, d’Tasten um Steierrad an um Autosschlëssel onlieserlech, d’Assistenzsystemer, déi een zum Gléck gruppéiert ausschalte kann, kënne séier nerven an et gëtt keng direkt Méiglechkeet, den Auto richteg auszeschalten, ausser et späert een en zou. Dat selwecht gëllt fir de Luedkabel, dee kritt ee vu bausse guer net entrigelt mee nëmmen iwwert de Menu. Stéieren déi Saachen net, da kritt ee fir ronn 55.000 Euro ee leeschtungsstarken an attraktive klenge SUV-Coupé mat gudder Plazoffer a vollem Equipement. Et muss awer net d’Topversioun sinn, de smart #3 gëtt et och schonn ab ronn 39.000 Euro.