
Ah jo, et ginn nach Kombi-Limousinnen an et ginn och nach Verbrennermotoren – fir de Paul Origer eng freedeg Noriicht wéi e vun Audi op Porto ageluede gouf, fir déi neist Generatioun vum Uewerklass-Audi ze entdecken.
Antëscht si mer bei der 6. Generatioun vun der Ingolstädter Businesslimousine ukomm – no der Elektro-Versioun e-tron huet Audi eis de bekannte Kombi “Avant”, deen op der Premium Platform Combustion opbaut, virgestallt.
Den Design
Schöne Kombis heißen Avant – dat war emol ee Reklammesproch vun Audi, an ech muss soen, en trëfft nach ëmmer zou. Wann och de Radstand net geännert huet, den neien A6 geet stilistesch nees an eng ganz nei Richtung. Eng breet a flaach Front, mat dominantem Grill a schmuele Luuchten, e bëssen à la e-tron GT. Hannen ass definitiv d’Schocklassäit mat staark geneigter Heckscheif, opfälleger an adaptiver OLED-Luuchtegrafik a rasseg ausgeformten Hëften. A wann dat net duergeet, da stinn eng Hellewull u Faarwen a Felgen um Programm, mat deenen e sech den A6 individualiséiere kann.
Den Interieur
Hei soll de Chauffer am Mëttelpunkt stoen an dee soll kréie wat e brauch. Dofir verzicht den A6 op de klassesche Knäppchen a vertraut op Touchfläche mat Réckmeldung. Zouginn, et fonctionéiert net schlecht, trotzdeem geet et net ouni de Bléck vun der Strooss ze huelen. A propos Bléck, dee gëtt vum Digital Stage, den dräi gestache schaarfen MMI-Bildschiermer, fir d’Instrumenter, Navi a Bäifuerer quasi ugezunn. Wat awer nach opfält, dat ass eng al Audi-Dugend; nämlech déi exzellent Veraarbechtung an déi héichwäerteg Matièren am ieweschte Beräich.
Den Undriff
Net ze gleewe mee wouer; um Rendez-Vous ënnert dem Capot waren nëmme Verbrenner; zwee Bensinner an een Diesel. Ausser beim 2-Liter TFSI kënnt awer eng nei Mild-Hybrid-Technik an den Asaz. Si ënnerstëtzt bei Leeschtung a Confort a recuperéiert beim Ofbremsen. Dat soll esouwuel beim 150 kW-Diesel wéi beim V6-Bensinner mat 270 kW, zesumme mat der perfekter Aerodynamik, fir staark reduzéierten Duuscht suergen. Fir béid Motoren ass dann natierlech och de Quattro-Allradundriw optional oder serieméisseg ze kréien. Den éischte Fuerandrock op de Landstroossen ronderëm Porto war duerchaus positiv. Den A6 bleift eng perfekt Reeslimousin mat nidderegem Geräisch, üppeger Plaz a vill Confort, kann awer och emol méi dynamesch ënnerwee sinn a seng Gréisst a säi Gewiicht, dank Loftfuerwierk an Allradsteierung nawell gutt cachéieren.
Am Résumé
Richteg gelongenen Design mat de prakteschen Talenter vun engem Kombi an déi neisten Technologie u Bord – den A6 léisst keng Wënsch op! Allerdéngs muss een sech e leeschte kënnen; 56.400 Euro si mindestens néideg, déi nei a flott Gimmicks kaschten all e säftege Supplement esou dat rare een A6 ënner 70.000 aus dem Showroom fiert.