
E Bestseller gouf bei d'Visagistin geschéckt. Dat d'Iwwerschrëft haut am Automag. No 4 Joer gouf bei Skoda de Modell Enyaq iwwerschafft. Wat koum dobäi eraus? De Christian Schmit war fir eis mat op di international Presentatioun. Salut Christian...
Bonjour. Jo an di Rees goung quasi an d'Wéi vu Skoda, op Prag. Bei Skoda leeft et am Moment ganz gutt. Den Enyaq, deen Enn 2020 als 100% Elektro Auto lancéiert gouf, kënnt schonn op ganz remarkabel 270 000 verkaafte Modeller. Domat packt hien et 2024 an 31 Länner op der 3. Plaz bei de bescht verkaaften E-Autoen ze landen.
Speaker: A fir dass dat esou bleift, gouf nogebessert.
Genee. A mam Design réckelt een elo méi no un de klenge Brudder Elroq deen d'lescht Joer presentéiert gouf. Ganz däitlech ass dat un der Front ze erkennen. Den Optrëtt méi modern, an dat gëllt och fir den Enyag Coupé dee parallel presentéiert gouf.
Den elektresch ugedriwwene Crossover kritt elo dee markanten Solid Design Stil vun der Mark. De klassesche Küler Grill verschwënnt, schmuel LED Scheinwerfer falen op, an dass elo op der Motorhauf Skoda a Buschtawe steet, a net méi de Logo drop ass.
Et gouf un der Aerodynamik gefeilt fir en Tick méi Autonomie, LED Luuchte ginn och elo hannen. Nei a mat chroméiert Applikatiounen sprangen engem an d'A.
Speaker: Wat gouf da nach verbessert?
Et gouf dem Client nogelauschtert ,an dobäi koum eraus dass e sech Heizung fir de Volant, Head-Up Display gewënscht huet, an e méi séiert Lueden an Autonomie wannechgelift. Wonschlëscht approuvé! Alles dat ass dann och elo ze kréien.
Bon wann och d'Autonomie just eng 20 bis 30km zougeluegt huet.
Speaker: Op esou Presentatiounen am Ausland, fiert een do eigentlech vill?
Hänkt ëmmer e bëssche vun der Mark of. Also hei bei Skoda si mir vill gefuer, an hu vill gesinn vu Land a Leit. Do ass engem opgefall dass op deene 500 Kilometer déi mir absolvéiert hunn, quasi keen aneren E-Auto begéint hunn, an dass den Enyaq sech ganz entspaant beweege léisst. Lenkung, Fiederung, Confort a Veraarbechtung wëssen ze iwwerzeegen. 63kw Batterie an 204 PS, oder 85 kw an 286 PS bleift. Genee wéi traction arrière oder 4X4.
Schued dass di versprache WLTP Norm Wäerter esou wäit vun der Realitéit ofwäichen, och hei. Mam Resultat dass mat 21kw/h Verbrauch an Autobunnpassagen no 350km eng Steckdous gefrot ass.
A fir ab 42 490 Euro kéint da schonn de neien Enyag bei iech an der Garage parken.
Voilà de neie Skoda Enyaq an Enyaq Coupé am Bild, och am exklusiven Olibo Green fir dee Modell. Ma gären, einfach op www.rtl.lu klicken.