Et ginn Autoen, déi polariséieren, nach éier se wierklech um Marché sinn, respektiv éier ee se iwwerhaapt déi éischte Kéier op eise Stroosse gesäit. A genau esou ee Modell hat den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun am Mäerz e puer Deeg fir ze testen. Ech géif et mol resuméiere mam zesummegesate Wuert «Power-Kombi».
Dat sinn op alle Fall zwee Wierder, déi wéi d’Fauscht op d’Aen passen, ma domadder eleng geet et net duer. De Succès vum BMW M3 Touring ass jo net méi vun der Hand ze weisen, ma BMW huet sech geduecht, et bräicht een nach e grousse Brudder fir den M3, an deen heescht bekanntlech M5... deen et dann elo och nees als Kombi gëtt, respektiv Touring, wéi e bei BMW genannt gëtt.
De Volet «Kombi» hätte mer jo da scho mol ofgedeckt... wat kanns de eis dann zum Thema «Power» soen?
An den Asaz kënnt hei e 4,4 Liter 8-Zylinder TwinTurbo mat net manner wéi 585 PS a 750 Newtonmeter Dréimoment. Dat si jo scho Wäerter, déi iwwerzeegen a mat deenen ee sech kéint zefridde ginn. Ma Nee, BMW huet sech geduecht, komm mir maachen e PlugIn-Hybrid aus dem neien Touring. Deemno geselle sech nach emol 197 PS an 280NM aus engem Elektromotor dozou. Dat kënnt een op eng Systemleeschtung vu 727 PS an 1.000 NM Dréimoment. De Sprint vun 0 op 100 geschitt dank Allrad a just 3,6 Sekonnen.
3,6 ass natierlech séier, ma bei sou vill Leeschtung hätt een och kënne mengen, e wier nach méi flénk?
Dat stëmmt, ma et muss een awer nach mat arechnen, dass mer hei ronn 2,5 Tonne Gewiicht beweege mussen, a fir déi aus dem Stand ze beschleunegen, brauch ee vill Kraaft. Wann den M5 bis rullt, da mierkt een ëm säi Gewiicht net sou uerg un, wéi ech dat gemengt hat.
Huel eis emol mat an den Interieur...
Et sëtzt een immens gutt, a BMW-typesch huet een en zimmlech déckt Steierrad am Grap. Kucken deet een op e grousse Curved-Display an d’Aen gëtt verwinnt mat Carbon-Applikatiounen an enger héichwäerteger Veraarbechtung. En Highlight ass awer eng duerchgehend Ambiente-Beliichtung queesch vun enger Dier iwwert den Tableau de Bord bis un d’Enn vun der anerer Dier, hannert enger Zort Diamantoptik-Verkleedung. Et ass schwéier ze beschreiwen, dat muss ee gesinn hunn. Soubal et däischter dobaussen ass, fillt ee sech wéi an enger an
erer Welt an et muss ee sech konzentréieren op d’Strooss ze kucken, an net just den Interieur ze bewonneren.
A propos op d’Strooss kucken. Wéi fiert den M5 Touring sech dann?
Ass ee gemitterlech ënnerwee, schwieft een dank Elektromotor duerch den Trafic, a beschter Hybrid-Mannéier, ouni een Toun vu sech ze ginn. An déi 60km soll ee kënne reng elektresch fueren. Gesellt sech de V8 nach dozou, da geet et richteg virun... ma déi voll Leeschtung kann een op eise Stroossen ni am Liewe legal erauskëddelen.
Wéi fält dann däi Fazit aus?
Et ass optesch, wéi fuereresch en impressionnanten Auto, deen d’Virdeeler vum elektresche Fuere mat der Power vun engem TwinTurbo V8 kombinéiert. Fir een, deen en BMW-M-Touring fuere wëll, ass den M5 duerch den Hybrid am Alldag eventuell de méi logesche Choix, am Verglach mam M3. Allerdéngs huet déi Logik och hire Präis. Lass geet et bei ronn 146.000 Euro. Dat sinn ëmmerhin 40.000 Euro méi wéi de Basispräis beim M3.