
Nee, déi klassesch Limousine ass nach ëmmer am Rennen, och wann eist Stroossebild haaptsächlech vun SUV an heiansdo nach Kombien dominéiert gëtt. Op verschiddene Mäert ass d’Limousine esou guer richteg beléift – aus deem Grond lancéiert vu sengem neien A6 och nees eng 4-diereg Sedan-Versioun. De Paul Origer duerft sech zu Porto d’A6 Limousine als Avant-Première schonn emol ukucken.
Limousine, Berline, Sedan – all Land oder Natioun huet do hiren eegene Begrëff; gemengt ass awer ëmmer déi klassesch 3-Volume-Form. Motorraum, Kabinn a Mall, 3 getrennte Raim an déi erginn, wéi eis däitsch Noperen och gäre soen, dat bekannte Stufenheck.
Den Design
Eppes schonn emol direkt, den A6 als Limousine huet et schwéier, dem wierklech gelongenen Avant d’Waasser ze reechen. Och wa se sech am Designzentrum all Méi ginn hunn, fir eng attraktiv Uewerklasslimousin op d’Rieder ze stellen. Opfälleg ass de Bou vum ieweschte Fënsterrand, deen net nëmmen den Design mee och déi exzellent Aerodynamik vun nëmmen 0,23 betount. Undeel dorunner hunn déi nei elektresch Diergrëffer wéi och ee speziell geformte Mallendeckel. Typesch Limousine ass och dee relativ laang gezunnen Hënneschten, deen awer vum Avant déi opfälleg OLED-Luuchten iwwerhëlt. Iwweregens ass den A6 och als Limousine net kleng; op 4,99 Meter streckt en sech, dat si ganzer 6 cm méi wéi de Virgänger.
Den Interieur
Firwat verschidde Länner de Kombi net esou gären hunn? Ma, do kënnt vläit keen drop, mee wann ee beim Kombi d’Mall opmécht, dann zitt et kal oder waarm an de Banneraum. Bei enger Limousine geschitt dat net, hei steet dem Passagéier säi Wuelbefannen un éischter Plaz. Dofir suergt schonn emol de Radstand vu bal 3 Meter, eng niddereg Geräischkuliss an deen neien astellbare Panoramadaach. Kuriéis gëtt et bei der Mall; 492 Liter sinn et beim 4-Dierer, 503 beim Avant – dat ass keen terribelen Ënnerscheed. A beim Mildhybrid ginn nach emol 30 Liter fleeten.
Den Undriff
D’Motorepalett ass natierlech identesch mat der Kombiversioun Avant, genee wéi d’Fuerwierker, d’Allradsteierung an och vill nei technesch Equipementer, sief et fir de Confort oder fir d’Sécherheet. Zum Beispill den neie Soundsystem vu Bang and Olufsen mat Hautparleuren an de viischte Sëtzer.
Am Résumé
Et bleift wéi ëmmer eng Affaire de Goût an eventuell och ofhängeg dovunner, firwat een den A6 brauch. Präislech bleiwt den Ënnerscheed, mat eppes iwwer 2000 Euro manner am Verglach mam Avant, op jidde Fall kleng.