
Big, Bigger, Bigster – Dacia presentéiert dee bis elo gréisste Modell vun hirer Gamme a feiert an engems Première am Segment vun den C-SUV. Ob de groussen Dacia dat erfëllt, wat e versprécht, dat huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Aix en Provence erausfonnt.
Viru 4 Joer huet Dacia e groussen Ëmschwong gemaach a seng Markenidentitéit komplett ëmgestallt. Domat koum och eng nei Designlinn, déi vum erfollegräichen SUV Duster agelaut gouf. Versteet sech vum selwen, dat de grousse Brudder Bigster dës Linn viruféiert.
Den Design
...huet Dacia nawell gutt hikritt. De Bigster gesäit stramm a robust aus, weist mat prallen Hëften an engem muskulös geformte Capot nawell vill Charakter a kënnt mat 19-Zöller an 2-Faarwe-Lack och nach chic dohier. Seng 4 m 57 laang Karosserie ass net nëmme mat déi Gréissten am Segment, se ass och gutt proportionéiert an awer nach kompakt genuch fir am Stadverkéier vun Aix en Provence mat ze wullen an esouguer nach eng Parkplaz ze kréien. An et bleift een typeschen Dacia, de Design ass net ze vill aggressiv, mee wierkt nach sympathesch an trotz dem interessante Präis net bëlleg.
Den Interieur
Geraimeg soll e sinn; maximal 5 Passagéier passen an de groussen SUV an doriwwer eraus nach 702 Liter Gepäck. An der Praxis ass de Bigster tatsächlech lëfteg an, dank dem neien optionale Panoramadaach, och geraimeg. De Sëtzconfort geet an d’Rei, d’Verstellméiglechkeete sinn awer e bësse limitéiert. Limitéiert ass och d’Unzuel vun techneschem Chichi an dat deet gutt. 2 grouss Schiermer, richteg Knäppercher wou een se brauch, dozou nach praktesch Léisungen hei an do – méi brauch een net. An, ech muss zouginn, de villen haarde Plastik verzeien ech Dacia. Firwat? Dat héiert der am leschte Kapitel.
Den Undriff
1 Hybrid an 2 Bensinner-Mildhybrid ginn et; mir sinn déi 140 PS staark Kombi aus Elektro a Bensinner gefuer. Bekannt ass déi Motorisatioun schonn aus anere Modeller vun der Renault-Famill, fir de Bigster gouf ënnert anerem d’Boîte iwwerschafft. An dat fonctionéiert gutt. De Bigster kënnt gutt vun der Plaz, d’Schaltvirgäng si quasi net ze spieren an d’Geräischer bleiwen nawell gutt am Hannergrond. Positiv Iwwerraschung beim Verbrauch; eng 5 virum Komma ass net sielen, esouguer wann een den Hybrid och emol fuerdert. Mee dat läit em net, och wa Steierung a Fuerwierk sech op de Landstroosse vun der Provence nawell gutt geschloen hunn.
Am Résumé
No engem éischte kuerzen Androck si mer éierlech: méi brauch een net! Dacia huet sech beim Bigster op en Neits Méi ginn, e bësse Luxus mat vill Plaz an engem interessante Präis ze kombinéieren. Bei 23.200 geet et lass, bei ronn 33.500 Euro ass de Summum erreecht.