
© Akim Schmit
Am Automag vun haut kucke mer eis e schweedesche Panzer am Detail un. Den Akim Schmit hat fir eis de vollelektresche Volvo EX90 am Test. An dat gläich zweemol…?
Jo, an dat war eng onfräiwëlleg Premiere. Am Testauto hat sech nämlech d’Software esou opgehaangen, dass ech net emol méi d’Réckspigelen oder d’Klimaanlag astelle konnt. Nom Test-Weekend hunn ech mer dunn de komplette Reboot vum System erkläre gelooss, an den Auto eng zweete Kéier kritt. An do ass dunn och alles gerullt ewéi et sollt.
Den EX90 ass fir dech also en Auto, deen Androck hannerlooss huet.
Absolut, awer net nëmme wéinst der Software, déi nach en Update brauch, mee eleng schonn duerch seng Gréisst. Den EX90 ass aktuell mat de gréissten Elektro-SUV deens de hei am Land kafe kanns a kënnt als 7-Sëtzer. T’ass also en Auto fir déi ganz Famill oder eng hallef Fussballsekipp ronderëm ze féieren. Esouvill Plaz ass praktesch, bis een dann eng Parkplaz brauch fir dee Koloss ofzestellen. Esou en EX90 ass knapp iwwer 5 Meter laang an 2,11m breet.
Domat fällt en dann am Verkéier sécher op?
Ganz am Géigendeel: d’Designer hunn et gutt hikritt d’Dimensiounen ze verstoppen. Wa keen aneren Auto niewendru steet, kéint een e – jee no Bléckwénkel - mam kompakten EX30 verwiesselen. Domat ass den Design am Fong och schonn erkläert. Volvo setzt op schweedesche Minimalismus, markant Linnen an d’LED-Luuchten, déi mer vun anere Volvoë kennen. Ongewéinlech ass d‘Knubbel iwwert der viischter Fënster wou d’Lidar-Sensoren dra verbaut sinn. Dat huet e bëssen eppes vun engem britteschen Taxi…
Mir hunn d’Plaz schon ugeschwat, ma bannendra geet et luxuriéis zou hunn ech héieren…
Den EX90 ass bei de „World Car Awards” zum “World Luxury Car 2025” gewielt ginn. War ech beim EX30 iwwert den einfachen Interieur iwwerrascht, kann den EX90 an dësem Kapitel punkten. Et gëtt kaum e Wonsch, deen net erfëllt gëtt. Gutt gefall huet mer de Sound vun der Bowers&Wilkins Anlag, déi subtil Banneraumbeliichtung an der Däischtert an d’Sëtzbezich wou Woll mat dra verschafft ass. Déi gesi super aus a fille sech gemittlech un, ma se dierften awer am Entretien – zumools wa Kanner am Spill sinn - usprochsvoll sinn.
Fir usprochsvoll Chaufferen eegent sech den EX90 awer och. Stéchwuert: Undriff!
An dësem Kapitel gi keng kleng Bréidecher gebaak. Als Twin Motor AWD leescht den Undriff 380 kW (517 PS) bei 910 Nm Dréihmoment. Do kann ee sech beim beschte Wëllen net bekloen. Iwwerrascht war ech, wéi douce dëse Panzer – e weit ëmmerhin 2,8 Tonnen – sech beweege léisst a wéi brachial d’Kraft ee beim Kickdown an d’Sëtzer dréckt: knackeg 4,8 Sekonne vergi bis op Tempo 100. Den Testauto war dann och mat der optionaler Loftfiederung ekipéiert, wat en zum bal perfekte Reesbegleeder mecht.
Bal perfekt heescht awer och, dass et Saache gëtt, déi dech um EX90 stéieren.
Zum enge verdréit sech d’Loftfiederung net mat enger ze sportlecher Fuerweis, zum anere wier do nach de Verbrauch, dee sech op béide Weekender wou ech den Auto hat bei 27 kWh/100 km agependelt huet. Esou stiechen an deem risegen 107 kWh Akku nët emol 400 Kilometer… E klengen Trouscht: d’Luede klappt mat 250 kW schëtzeg, an der Praxis hunn ech maximal 190 kW (trotz Virkonditionnéierung) gelueden, bei 85% SOC louch d’Vitesse ëmmer nach bei 70 kW.
Keen Trouscht gëtt et beim Präis: den Testauto steet mat 112.000 Euro an der Präislëscht.
+ Banneraum (erëm) Premium
+ Fuerconfort op Langstrecken
+ Vitesse beim Lueden
- Verbrauch a Reechwäit
- Software net op der Héicht
- Präis