Haut gëtt et am Automag ganz exklusiv, de Weekend gouf nämlech an Italien eng nei Autosmark gebuer, an do huet RTL net dierfe feelen. De Chris Schagen huet de Weekend um Comer-Séi verbruecht a war bei engem ganz besonnesche Moment mat dobäi.

26/05/2025 Automag: Bovensiepen Zagato

Den Numm Bovensiepen misst ënnert Autofans bekannt sinn, bis viru kuerzem hu si nach déi beléift Alpina-Modeller gebaut. Elo hu si e Samschdeg an der Mëttesstonn am Kader vum FuoriConcorso um Comer Séi hir nei Kreatioun virgestallt: de Bovensiepen Zagato. Dëse Gran Turismo verkierpert dat, wat d'Famill ënnert "Fine Driving" versteet.

Fine Driving, wat bedeit dat da fir Bovensiepen?
Ma dat ass, wéi de Generaldirekter Andreas Bovensiepen bei der Presentatioun sot, eng “Perfekt Symbios tëscht Design an Technologie”.
Wéi den Numm et scho seet ass den neie Bovensiepen mam italieeneschen Designatelier Zagato entstaan.
Op d’Fro, firwat ee sech grad fir deen Atelier entscheed huet, huet de Generaldirekter eis gesot, datt beim Auto vun Ufank un den Design Prioritéit war. Dobäi koum, datt och Zagato nach ëmmer ee Familliebetrib ass, dëst géif sech mat de Wäerter vu Bovensiepen decken.
Ugedriwwe gëtt de Bovensiepen Zagato vun engem 3-Liter Reiesechszylinder. Dëse liwwert eng Leeschtung vu 611 PS, dëst bei engem maximalen Dréimoment vu 700Nm. En acceleréiert an 3,3 Sekonnen op Tempo 100 an erreecht eng Héchstgeschwindegkeet vun iwwer 300km/h. Moto a Chassis kommen aus dem BMW M4. Gebaut gëtt en an der hauseegener Manufaktur zu Buchloe am Allgäu an dat per Hand, dobäi falen ëm déi 250 Stonnen Aarbecht pro Auto un. D'Karosserie besteet quasi komplett aus Karbon, wat ee Gewiicht vun nëmmen 1.875 Kilo erméiglecht.
 
Weess een da scho wéi vill den Auto wäert kaschten?
Nach net. Géint Enn 2025 kommen Informatiounen iwwert de Präis vum Auto an doriwwer, wéi vill der solle gebaut ginn. Mëtt 2026 ginn dann déi éischt Autoen um Maart erwaart. Wat awer scho gewosst ass, et wäert eng streng limitéiert Unzuel un Autoe ginn!
 

Den kompletten Artikel mat de Fotoe vum Bovensiepen Zagato fannt dir wéi gewinnt op Auto.rtl.lu