
Fir déi eng Kult an eng Ikon, fir déi aner een absurd Relikt aus enger anerer Zäit – mee eent steet fest: bal keen anere konnt sech esou laang am Auto-Universum behaapten wéi d’Mercedes-G-Klass. Fir hir eng weider Chance ze ginn, wollt Mercedes de G-Dinosaurier op modern Zäiten virbereeden an huet em méi wéi een Elektromotor ageplanzt. Ob verschidde Fans zu Recht geschockt sinn, dat huet de Paul Origer an engem kuerzen Alldagstest erausfonnt.
Den Design
De grousse Facelift viru 5 Joer huet dem G säi Charakter perfekt erhalen an awer villes verbessert. Den Design ass einfach nëmmen eenzegaarteg, an der neister Versioun mat AMG-Package an, wéi eisen Testauto als Edition One, am mattbloen, 8000 Euro deiere Spezial-Lack, nach ëmmer e richtegen Eyecatcher.
Den Interieur
Mat 4m62 ass de G méi kuerz wéi eng C-Klass, an awer dominéiert bannenan ee gutt Raumgefill an eng relativ grouss Mall. Dat kënnt net onbedéngt duerch den optimal genotzte Banneraum, mee den héighen Daach an déi riicht Fënsteren suerge fir déi G-typesch haislech Gebuergenheet. U Luxus feelt et besonnesch am schicken Edition One net, quasi all Feature wat et fir C- bis S-Klass gëtt, bitt och de Gelänn-Methusalem.
Den Undriw
D’Fans ware vun der Annonce vum nach deemolegen EQG net begeeschtert. A beemol hat Mercedes seng Strategie iwwerduecht an de G schonn emol direkt optësch entschäerft. Elo ass de G 580 EQ op den éischte Bléck vun den nach disponibele Verbrenner net ze ënnerscheeden. Ënnert dem Blech huet en et awer fauschtdéck! Net een oder zwee, mee 4 Elektromotore mat insgesamt 587 PS katapultéieren deen iwwer 3 Tonne schwéiere Koloss no vir. Scho bal absurd, wéi spilles dat geschitt. 4,7 Sekonne verginn op 100, Allrad suergt fir Grip, déi iwwer 700 kg vun der Batterie senken de Schwéierpunkt an um Fuerwierk huet Mercedes Wonner gewierkt. Obwuel et eigentlech guer net dem G seng Vokatioun ass, mee Stroosselag, Dynamik a Fuerspaass gehéieren op emol derzou. Kloer, de G huet sech vum Schaffpäerd zum Boulevardcruiser entwéckelt. Mee, wann e wéilt, da kéint en. Och als Elektro, wëll vu Redukterboîte bis bei spezial Gimmicks wéi den G-Turn, deen de G op der Plaz 180° dréine léisst, gëtt alles gebueden. Vill Motorleeschtung, eng Aerodynamik wéi e Kleederschaf an e Gewiicht am Rekordberäich brauchen natierlech Stroum. 116 kWh leescht d’Batterie, realistesch sinn domat 400 km méiglech. Also och kapabel fir laang Strecken, zemools Fuergeräischer a Fiederungsconfort nach emol wiesentlech verbessert goufen. Geluede gëtt iwwer Typ 2 mat maximal 11 oder CCS mat 200 kW – an der Praxis huet de Schnelllueder tëscht 100 an 150 kW bruecht.
Am Résumé
Definitiv mäin Highlight vum Joer an eng deier Pärel an enger Welt vu ronn gelutschten a langweilege Këschten ouni Charakter. De G ass a bleift deier; knapp iwwer 140.000 musse sinn, eisen Edition One huet un den 200.000 gekraazt. Allerdéngs hält sech de Stroumverbrauch, gemooss um Gabarit, nach a Grenzen a wien doheem lued, deen ass definitiv méi bëlleg ënnerwee wéi mat all Verbrenner. Kënnt der iech e leeschten, da gräift zou. Wëll G an EQ, dat passt!