
Haut am Automag « Made in Japan“. Et steet e Mazda am Mëttelpunkt, an zwar de Modell 3. Do koum elo vrun allem Neits ënnert d’Hauf.
Jo de Mazda 3 ass effektiv en ale Bekannten an der Gamme. A wien Mazda kennt, dee weess dass déi net ëmmer esou ticke wéi aner Marken.
Net just mat der Häerd mat virun, mee gären och emol géint de Stroum. Esou wéi mam Wankel Motor System beispillsweis.
Speaker: A woumat iwweraschen si dann déi Kéier?
Also mat de ganzen CO2 Oplagen ass jo den Trend scho laang fir Downsizing ze bedreiwen. Wëll soen, kleng Moteuren mat wéineg Kubik a wéineg Zylinder.
Bon bei Mazda geet et do an di aner Richtung, an tatsächlech proposéieren déi elo en 2500er Motor fir den dach kompakten Mazda 3. Bon mat 4 Zylinder an 140 PS bleift een dann nees méi moderat.
D’Ingenieuren hunn eng Verdichtung vun iwwerduerchschnëttlechen 13:1 ereecht. Skyactiv Technologie gouf di innovativ Motrice da gedeeft.
Si schwetzen vu Right Sizing Moteuren.
Speaker: A wéi gutt harmonéiert dat Ganzt dann?
Fréier huet et geheesch: Kubik Stäerkt ass duerch näischt ze ersetzen, ausser duerch nach méi Kubik.
Tatsächlech ass vun deem 2500er Motor elo net all ze vill spektakulär Fuerleeschtungen ze mierken.
Hänkt awer gutt um Gas a pakt e Sprint op 100 an 9,5 Sekonnen, a bei 205 wär da Schluss.
Akustesch hält sech de Japaner am Hannergrond an di 6 Gang Automatik ass och als agreabel attestéiert ginn.
Speaker: Soss bleift alles beim Aalen?
Jo esou kann een dat soen. Optesch sinn et banne wéi baussen ganz dezent Retuschen. Zimmlech oniwwersiichtlech bleift weiderhin d’Karosserie, an op der hënneschter Sëtzrei ass net all ze vill Plaz fir Passagéier, obschonn jo esou e Mazda 3 op bal 4m50 kënnt.
Fir dynamesch Chauffere wär dësen entwéckelt ginn an effizient wär en och.
Dat kann een ënnerschreiwen wëll de Verbrauch louch tëscht 5,5 an 6,5 Liter.


Speaker: Wat hale mir fest a wéivill misste mir investéieren?
(CUT 5) Abbé do kënnt e Pluspunkt dobäi, wëll d’Präis Leeschtungs Verhältnes ka sech weise loossen.
Jo de Mazda 3 verzicht op Bling Bling, Liicht Signaturen an Digitaliséierung. Mee fir 28 000 Euro kritt een e gutt ekipéierten Auto deen mat de Joeren ausgeräift ass, a fir dee Präis ass awer nu wirklech bei kengem Aneren en 2500er ze kréien.
Sou gesinn mécht Mazda dann awer mat beim Downsizing, an dat freet hei de Portemonnaie…

