
Iwwer 8 Millioune mol gouf de Renault 4 vun 1961 bis 1992 verkaf. Elo steet e Nofollger vun der R4 an de Startlächer. Di international Presentatioun war dëser Deeg a Portugal, an de Christian Schmit war fir eis dohinner. Mëtteg Christian
Jo d'R4 wéi si am Volleksmond gedeeft gouf ass dann elo nom R5 e weidere Modell vun der Nostalgie a Retro Wëll op där de franséische Konstrukteur ënnerwee ass. An och wann dëse reng elektresch ugebuede gëtt, esou soll de polyvalenten Fransous och e groussen Erfolleg ginn.


Speaker: Sinn Viraussetzungen dofir geschaf?
Ech géif soe jo. Et ass optesch Renault scho mol gelongen e modernen Auto mat Retro Look ze entwéckelen. Gutt ze erkennen un der markanter Front, Fënsteren a Form vun engem Trapez, an den Deckel vun der Mall erënnere staark un den legendären R4.
Mee hautdesdaags ass e Renault 4 awer kräfteg gewuess. Ganzer 48cm an der Längt, an 31cm an der Breet. Do ass ee vir ganz gutt opgehuewen, an hannen geet dat mat der Plaz och nach an d'Rei. Och an der Mall ass Plaz fir op den Tour, et gëtt esouguer en duebele Buedem mat Gefaach fir de Kabel. A Portugal lafe nach där aler Modeller, sou dass engem dat mat der Gréisst bei engem Foto Stop gläich an d'A gesprongen ass.


Speaker: Wat leescht dann e Renault 4 vun haut?
Jo och do grouss Ënnerscheeder. 120 PS mindestens mat der 40 kw/h Batterie, an 150 PS an 52 kw/h maximum. Nennt sech dann Urban oder Confort. Doraus ergëtt sech dann eng Autonomie vun acceptabelen 300 a besseren 400km.
An dat geléngt déi Kéier tatsächlech. Koume mir dach op eisem ofwiesslungsräiche Roadtrip mat Passagen duerch Stad, iwwer Land an och Autobunn op e Verbrauch laut Bordcomputer vun 13.5 kw/h. Bravo. Dat vläicht och wëll den R4 just 1500kg op d'Wo bréngt. Fuerleeschtungen si sprëtzeg a bei 150 ass Schluss. Bon beim Lueden mat tëscht 11 an maximum 100kw do wär méi dran.
Speaker: Wéi presentéiert sech dann den Interieur?
Jo do ass et quasi 1:1 d'Armaturebried vun der R5. Et fillt e sech gläich zurecht. A nee fir d'Nostalgiker gëtt et och keng Revolverschaltung méi wéi fréier an der Mëttel Console. Dofir awer Plaz fir e Kierfchen wou d'Baguette dra passt als Optioun. D'Sëtzer si bequeem, Veraarbechtung ganz ok an där Klass Auto, a beim Fuer Confort gëtt et och e Smiley. Zwee Ecranen suergen fir all Zort un Informatioun an Entertainment, mee et gëtt net just getoucht a gescrollt. Och klassesch Knäppercher bleiwen u Bord.
An ee Knäppchen kritt e besonnesche Luef bei der Auto Press. Nennt sech My safety switch, an domadder kann dat lästegt Gebimmels op stomm gesat ginn.



Speaker: Präisser a Fazit vläicht da nach?
3 Ausstattungs Niveaue ginn et, Evolution, Tecno an Iconic. Bei eppes iwwer 28 000 Euro geet et lass mat der klenger Batterie.
De polyvalenten R4 wäert och am 21. Joerhonnert säi Wee maachen, och wann d'Konkurrenz méi grouss ginn ass.
Elektresch, praktesch a gutt? Jo dat kéint een esou ëmschreiwen an ënnerschreiwen...

