
Knapp 4 Joer sinn et hir, dat Kia hiren éischten als rengen Elektroauto konzipéierten EV6 lancéiert hunn. Deemools war et net nëmmen deen opfällegen Design mee och déi ultramodern Technik, déi den EV6 vun der Konkurrenz ofgehuewen huet. Wéivill elo beim Facelift moderniséiert gouf, dat huet de Paul Origer a sengem Alldagstest erausfonnt.
Et war wéi en Déjà-Vu; de selwechten Auto, déi selwecht Fuerw, déi selwecht Motorisatioun an déi selwecht Finitioun wéi deemools op der Presentatioun zu Malaga. Wat kann den opgefrëschten EV6 besser?
Den Design
Bis op déi nei an extravagant viischt Pharen fält beim Facelift net vill op. Et bleift bei der opfälleger Form an dem ausgefalenen Hënneschten. Bliwwen ass nieft der relativ breeder Karosserie an der bescheidener Iwwersiicht och de voluminéise Mallendeckel, deen a Parkhaiser alt emol gäer dem Plafong Moie seet.
Den Interieur
Och hei just Detailer wéi eng nei Grafik a Menugestaltung fir Navi an Instrumenter esouwéi nei an – Merci Kia – nach richteg Knäppercher um Steierrad. Soss behalen déi wichteg Funktiounen een direkten Zougrëff, wann och d’Sensor-Baguette an der Mëtt heiansdo e bëssen ze vill empfindlech ass. Plaz ass am EV6 nach ëmmer méi wéi genuch; vill Beefräiheet an eng komfortabel Sëtzpositioun ass séier fonnt. Just fir de Kapp kann et hannen e bësse knapp ginn. Fir mäi Goût war de Chaufferssëtz och liicht ze héich positionéiert. De Volume vun der Mall bleift bei 520 Liter.
Den Undriw
Long Range AWD, dat heescht Allrad, 325 PS an een op 84 kWh gewuessenen Akku. Déi iwwerschaffte Batteriezelle bréngen natierlech och méi Autonomie, am Test waren et am Schnëtt ëm déi 450 km. Un der 800 Volt-Technik ännert sech näischt an dat ass och gutt esou; schliisslech kann den EV6 elo nach méi séier lueden; am Idealfall iwwer 250 kW wat reell eng Charge vun 20 op 80% ënner 20 Minutte méiglech mécht. Ganz erfreelech och, wat Kia alles ronderëm proposéiert; d’Rekuperatioun léisst sech a 4 Stufen via Paddel astellen, den Akku kann ee manuell virkonditionnéieren a beim Luede gëtt net mat Informatiounen an Tipps gespuert. Esou mécht E-Auto fuere Spaass. Beim Kia EV6 och net nëmme beim Lueden. Déi 325 PS hu mat knapp 2 Tonnen zwar ze dinn, mee et geet awer och gutt virun. Passend dozou huet den EV6 säi richteg gutt austaréiert Fuerwierk mat vill Spaasspotential behalen. Eenzeg de Fiederkonfort kéint besser sinn an d’Gewiicht op zackege Landstroossen net esou opfalen. Och gëllt de relativ aerodynameschen EV6 bei méi héighe Vitessen net als Spuerwonner; 130 op der Autobunn heesche gutt 24 kW-Stonne Verbrauch – do sinn déi versprache 450 km Autonomie séier husch.
Am Résumé
Se hunn dee scho ganz gudden EV6 nach emol besser gemaach – virun allem déi verbessert Batterietechnik maachen de relativ grousse Kia brauchbar fir den Alldag. Méi bëlleg ass en awer net ginn; d’Basisversioun start elo 6000 Euro méi héich bei 48.000, eisen Testauto als GT Line loung scho bei 64.000 Euro.