
Mam Elroq lancéiert Skoda net aleng hiren zweeten, reng elektreschen Auto, mee si starte virun allem an engem haart emkämpfte Segment, dat vum kompakten SUV. Ass den Elroq just eng MEB-Plattform mat Skoda-Logo, oder huet den tschechesche Brudder vun ID.5 a Co besonnesch Talenter? De Paul Origer huet dat fir eis an engem kuerzen Alldagstest erausfonnt.
Gefuer si mer e jo schonn, den neien Elroq – leschte Wanter op Mallorca. An do war den Androck scho ganz positiv. Ëmsou méi gespaant war ech, wéi de kompakten Elektro-SUV vu Skoda sech wuel op de Stroossen hei heem mécht.
Den Design
Dee brauch ech sécher net méi virzestellen, ëmmerhin fiert den Elroq schonn op eise Stroossen. E laut awer virun allem eng nei a frësch Designlinn an, un déi och de grousse Brudder Enyaq schonn ugepasst gouf.
Den Interieur
Fir mech ee vun den Highlights; trotz senge relativ kompakte Moossen ass den Elroq immens lëfteg a geraimeg. Kapp a Beefräiheet gëtt et genuch, de Sëtzconfort ass exzellent an a punkto Design huet Skoda richteg gutt geschafft. Agreabel unzepaken an puer faarweg Akzenter a Form vu Konschtliederiwwerzich um Tableau oder knallrout Gurten sinn einfach sympathesch, genee esou wéi déi typesch praktesch orientéiert Gimmicks wéi de Präbbeli an der Chauffersdier oder Accessoiren fir d’Mall ze organiséieren. Ganz kleng Bemolle gouf et trotzdeem: den Info-Display fir de Chauffer ass mir ze kleng a wärend der Testfahrt op der belscher Autobunn hu liicht Rabbelgeräischer am Tableau an an den Dieren net esou wierklech bei déi soss am Fong gutt Veraarbechtung gepasst.
Op der Strooss
Den Elroq fiert richteg gutt. Eis Testversioun war de 85 mat 77 Kilowattstonnen, maximal 573 km Autonomie an 285 PS. U Leeschtung feelt et absolut net, mam Elroq 85 geet et flénk vun der Plaz, alles fillt sech trotz sengen iwwer 2 Tonne Gewiicht immens liichtféisseg un an a punkto Stroosselag an Handling hunn ech näischt ze meckere fonnt. Au Contraire, eng déck Bonne Note gëtt et fir déi aussergewéinlech komfortabel Fiederung. Esouguer déi deelweis terribel E 411 an eisem belschen Nopeschland huet den Elroq beschtens gefiltert. Deen uschléissenden Tour duerch de Bréisseler Stadzentrum war mat deene knapp 4m50 e Klacks – den totalen Highlight ass deen enorm klenge Wendekrees; e Genoss bei Parkmanöver a wann een duerch kleng Gässele muss fueren. Och beim Lueden huet den Elroq sech un d’Versprieche gehalen; déi maximal 175 kW ginn ab 20% erreecht an hale sech wärend dem Luedzyklus relativ laang. Fir e richtege Laangstreckentest blouf leider net genuch Zäit, eng reell Autonomie tëscht 400 a 500 km dierft awer realistesch sinn, zemools den Elroq dank gudder Aerodynamik mam Stroum wierklech spuersam ëmgeet. Eenzeg den Drockpunkt vun der Bremspedall dierf Skoda nach verbesseren; ze schwéiergängeg an ze indirekt huet déi fir mäi Goût reagéiert.
Am Résumé
Et gëtt tatsächlech quasi näischt ze meckeren. Och net um Präis; 38.000 Euro kascht d’Basisversioun, eisen Testauto als 85 mat e bësse Luxus wéi dem wierklech gudden Augmented Reality Headup-Display, de performanten Matrix-LED-Pharen an esou virun lant bei nach ganz faire 55.000 Euro.