Haut heescht et "Bella Italia" am Automag. Jo et geet em Alfa Romeo déi elo di ganz Gamme als "Intensa" Modeller virgestallt hunn.

De Christian Schmit war fir eis op deem Alfa Familjentreffen dobäi, a verréit eis wat sech do derhannert verstoppt.
 

19/06/2025 Automag Alfa Romeo Intensa USO

Effektiv war di ganz Gamme present. Vum klengen Junior, iwwer den Tonale bis zu de Modeller Guilia a Stelvio. Jo och déi zwee lescht Genannten waren mat dobäi, a grad bei deenen ass dat scho bal den Adieu. 2026 ginn déi legendär Modeller virausiichtlech agestallt, fir dann als Elektro an Hybrid Versiounen nees relancéiert ze ginn.

RTL

Wann e bedenkt dass d'Limousinn Guilia 2016, an de Stelvio 2017 virgestallt goufen, dann ass dat scho remarkabel, a jo nach ëmmer agréabel déi zwee, soen ech emol "Klassiker" ze beweegen. 

Vläicht eng leschte Kéier Alfa fuere wéi mir et kannt hunn, als Verbrenner mat vill Power ënnert der Hauf a mat Allrad Traktioun. Passione automobili dat kënnen d'Italiener, och wa si jo zënter e puer Joer zum Stellantis Grupp gehéieren. Do gehéiert Alfa Romeo jo zesumme mat DS, Jeep a Maserati zum Premium Segment. 

RTL
RTL

Speaker:                   Wourunner erkennt een dann elo Intensa Modeller?

Bausse u spezielle Felgen mat Goldrand, do soll un di gëlle Joeren mat vill Podioumsplazen a Pokaler am Motorsport erënnert ginn. Enger sportiver Bremsanlag an um Intensa Schrëftzuch op de Lieder / Alcantara Sëtzer. Stil a Sportlechkeet fannen hei zesummen. Egal op elo beim Junior, Tonale, Guilia oder Stelvio, di 4 stiechen erfir a solle weisen zu wat Alfa am Stand war an ass.

Dat Wuert Transitioun an Transitiouns Phase gëtt jo elo an der Autombilwelt dacks an de Mond geholl, an déi Renkonter déi mir am Mee an der Belsch ronderem Antwerpen erlieft hunn passt an dee Kontext.

Well Alfa Romeo wëll jo elo bis 2027 komplett op Hybrid an Elektro ëmgestallt hunn. Mee fir d'Intensa Versiounen am Guilia a Stelvio komme nëmmen Top Versiounen a Fro, och de bestschbekannten 2 Liter Q4 mat 280 PS.

RTL
RTL

Speaker:            Ënnerschidlech Modeller, an ënnerschidlech Charakteren.

Genee do wierkt den Junior wéi vun enger anerer Mark, an eigentlech ass dat jo och esou. De Stellantis Grupp bitt do vill Méiglechkeeten fir um selwechte Chassis verschidde Modeller ganz anescht ze interpretéieren.

De Virdeel awer och. Seele waren Alfa Romeo Modeller an der Finitioun esou präzis verschafft. 

RTL
RTL

Speaker:            A wat kaschten di chic Alfa Modeller mat der Bezeechnung Intensa?

Bon alle 4 komme mat héichem Ausstattungs Niveau an de Showroom. An dat huet säi Präis. Mir haten et jo scho gesot, Alfa gehéiert zum Premiumsegment am Grupp.

Fir de Junior wären et knaps 33 000 Euro, a fir de Stelvio an der Intensa Top Versioun missten 61 000 Euro investéiert ginn.

RTL
RTL

 

D'Alfa Romeo Family on Tour an der Belsch mam Christian Schmit hannert dem Volant. Ze gesinn op www.radio.rtl.lu