
© Akim Schmit
Smart war laang Zäit d’Synonym fir kleng Stadautoen wéi de ForTwo an de ForFour. Abee, déi Zäite sinn eriwwer: den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech fir eis den #5 am Detail ugekuckt. An esouvill vir ewech: mat klenge Stadautoen huet Smart net méi vill ze dinn...
Smart steet fir Clever: ma déi Zäit wou et duergaang ass e klengen Auto ze baue fir eng clever Léisung unzebidden, schéngt eriwwer ze sinn. Haut steet Smart éischter fir Hightech. Den #5 ass en ausgewuessene Familljen-SUV: 4,71 m ass e laang, a säi Radstand vun 2,90 ass méi laang wéi e fréier de Smart Fortwo (2,50m)... An och vum Design ass ee méi erwuesse ginn: seng quadratesch Karosserie suergt fir e massive Look a vill Plaz bannendra.
Du hues de Banneraum ugeschwat: wéi ass däin éischten Androck?
Smart wëll an der Premium Liga matspillen, dat mierkt ee beim Choix vum Material ewéi och bei der Veraarbechtung: d’Néit si propper verschafft, näischt rabbelt an näischt peekt sech bëlleg un – ofgesi vun den Diergrëffer: déi sinn aus haardem Plastik a passen net bei de Rescht vum Auto. An da wieren do nach d’Sportsëtzer vun eisem Testauto, do huet et mer u Säitenhalt gefeelt. Awer genuch gemeckert, well Smart mécht villes richteg: d’Steierrad kënnt mat richtege Knäppercher, d’Instrumenter si gutt ofzeliesen, den Head-Up Display ass iwwersiichtlech an d’Klimaanlag stells de eemol an a kanns se da vergiessen. E weidere Gimmick ass den Ecran virum Bäifuerer: op dësem kanns de Filmer kucken oder spillen – wanns de et verdréis - mir ass et relativ séier dovu schlecht ginn…
Als Famillen-SUV geet et jo net nëmmen ëm de Chauffer: Stéchwuert Réckbänk a Mall!
An der zweeter Rei geet et net manner lëfteg zou: d’Beefräiheet ass iwwerraschend generéis, grouss Féiss passen nach ënnert de Chaufferssëtz an ëm d’Kappfäiheet brauch ee sech och als Erwuessene keng Gedanken ze maachen. Och un Oflagen a Luedméiglechkeete feelt et net. Iwwerraschend kleng fält dogéint d’Mall aus: déi soll zwar 630 Liter hunn, allerdéngs ass se net immens déif. Schued dass d’Réckbänk sech net réckele léisst, dofir ass se awer an der Neigung verstellbar.
Am #5 gëtt et awer net nëmme vill Plaz, mee och vill Leeschtung hunn ech mer soe gelooss…
Besonnesch wanns de en als Brabus bestells, also an der sportlechster Versioun. An deem Fall hues de 475 kW – also 646 Päerd ! -, 710 Nm Dréimoment an Allradundriff. Domat verginn knackeg 3,8 Sekonnen op Tempo 100 – an dat trotz deenen 2,4 Tonnen déi beweegt gi mussen. Am Alldag bidde sech awer kaum Méiglechkeeten dës Leeschtung ofzeruffen ouni sech strofbar ze maachen oder a Gefor ze bréngen. Lass geet et iwwregens scho bei 250 kW (340PS) an Heckundriff – déi Versioun stoung awer net fir en Test bereed. Eng “bonne note” gëtt et fir d’Fuerwierk wat straff awer net onconfortabel ass.
En Highlight fir dech war awer net d’Fuerleeschtung, mee d’Luedleeschtung
Genee: de Basismodell kënnt mat engem 76 kWh groussen LFP-Akku, vun der Pro+ Versioun un ass en 100 kWh NMC-Akku u Bord deen op en 800V System setzt an op déi beandrockend Luedleeschtung vu 400 kW kënnt. Domat kann den Auto méi Stroum zéie, wéi déi meescht HPC Bornen aktuell iwwerhaapt liwwere kënnen. Vun 10 op 80 Prozent vergi manner wéi 15 Minutten. Esou séier luet nach net emol den neie Mercedes CLA. De Verbrauch gëtt Smart mat 19,9 kWh op 100 Kilometer un, wat eng WLTP Reechwäit vu 540 km duerstellt. Am Test louch mäi Verbrauch mat 26 kWh/100 däitlech driwwer – wuel och well ech e schwéiere Fouss hat…
Wien sech elo fir de Smart #5 interesséiert: wat muss een dann dofir ausginn?
Aus kleng gëtt grouss an aus bëlleg gëtt deier. Lass geet et bei knapp 45.000 Euro („Pro“), d’Brabus-Ausféierung déi mer testen dierfte steet mat 59.490 Euro an der Präislëscht.
+ Ofstëmmung vum Fuerwierk
+ Impressionnant Luedleeschtung
+ Design mat Erkennungswert
- Relativ kleng Mall
- Kee Knäppchen fir d'Lautstäerkt
- Sëtzer net genuch Säitenhalt