
Den neie Cupra Terramar hat schonn e puer Optrëtter hei op der Antenn. No der Hybrid-Versioun stoung elo een Alldagstest vum Bensinner um Programm. De Paul Origer ass den Terramar VZ TSI fir eis gefuer!
3 Motorisatioune proposéiert Cupra fir den Terramar, e 1500er Bensinner, en Hybrid esouwéi een 2-Liter-Bensinner an 2 verschiddene Leeschtungsstufen.
Den Undriff
Als renge Bensinner heescht d’Topversioun VZ 2.0 TSI 4Drive a kombinéiert een 265 PS staarken Turbobensinner mat Allradundriw an enger 7-Gang DSG. A ganz iwwerraschend ouni elektresch Hëllef a Form vun Elektromotor oder Startergenerator. Petrolheads wäert et deemno freeën. De 4-Zylinder mécht séng Saach lafroueg an dréihfreedeg, entwéckelt séng 400 Nm scho relativ fréih an dréint ouni ze murre bis bei de roude Beräich. Dat allerdéngs och ouni grousse Klang, wat een sech bei engem Cupra awer géing wënschen. D’Ingenieuren hunn dat anescht geléist a schalten am Sport- a Cupramodus ee Soundgenerator bäi, deen dann am Banneraum nawell vill Getöse mécht. A leider ëmmer nach kënschtlesch, e bësse wéi ee Boxermotor op Steroïde kléngt. Okay, et belästegt ee keng Noperen domat, mee e bësse geet do d’Faszinatioun awer fleeten. E Verbrauchswonner ass de staarke Bensinner iwweregens net; och brav gefuer steet meeschtens eng 8 virum Komma, sportlech ënnerwee ass ët quasi ëmmer zweestelleg.
Op der Strooss
Hutt of, Cupra. Sielen huet een SUV esouvill Spaass beim Fuere gemaach. Esouguer déi relativ héich Sëtzpositioun deet deem keen Ofbroch. Am Sport- oder Cupramodus ass d’Steierung knackeg an d’Fiederung stramm; domat léisst sech den Terramar a séiere Kéieren net aus der Rou bréngen, reagéiert exakt op d’Beweegunge vum Steierrad a bleiwt fräi vu Karosseriebeweegungen. Via Paddelen um Steier kann een dann och relativ féx de richtege Gang bestëmmen. Alles an allem ee perfekte Cocktail, feelt just nach e bësse méi natierleche Motorsound. De Cupra Terramar kann awer och relax Laangstrecken absolvéieren, d’Fiederung bleiwt awer nach ëmmer relativ dréchen a stolpert mat sénge chic’en 19-Zöller emol gäer iwwert dat eent oder anert Lach an der Strooss. Och sinn d’Fuergeräischer relativ präsent, bei héighe Vitessen suerge Wand a Motor fir eng gewësse Kuliss.
D’Präisser
Lass geet et bei 54.500 Euro. Verglach mam Top-Hybrid sinn et just 7 PS an 800 Euro manner, dofir ass de Bensinner 150 kg méi liicht, huet 150 Liter méi Mall an dee méi groussen Tank. Deemno eng Saach vu Prioritéit.