
Renault huet et scho mam neie R5 erlieft an direkt duerno den R4 lancéiert - Retrodesign ass nees in! Am Fong fir Fiat näischt Neies, schliisslech hu si virun 20 Joer mat der Neioplag vum legendäre 500er grousse Succès gehat. An dat soll elo mat der nächster Ikon esou goen - an der Fiat-Heemecht Turin gouf elo de Grande Panda als Hybrid lancéiert an de Paul Origer war fir eis dobäi.
Mir fält spontan den däitsche Slogan “Die tolle Kiste” an, mat deem deemools de Panda an all Autoszeitung ze gesi war. An ech muss soen, dee Sproch géing op deen neie Panda ganz gutt passen!
Den Design
Den Zousaz “Grande” kënnt net vun ongeféier. Am Verglach mam Ur-Panda ass de grousse Brudder 60 cm méi laang, 30 cm méi breet a 15 cm méi héich. Firwat de Verglach mam éischte Panda? Ma genee hei kënnt de Retro-Design an d’Spill; Fiat geet nees zeréck bei hir Wuerzelen an de Prinzip “quadratesch a praktesch”. An natierlech vill optesch Erënnerungen u fréier wéi déi quadratesch Luuchten, déi flaach Kalander, déi vill riicht Linnen an der Silhouette an déi an de Blech gepresste Schrëftzich. Dat am Fong een Citroën C3 ënnendrënner stécht, kritt Fiat gutt verstoppt.
Den Interieur
Och hei fanne mer vill Reminiszenzen un déi alleréischt Generatioun. D’Instrumenter sinn an engem Cluster zesummegefaasst an den Tableau gëtt vun enger grousser Oflag a Stoffapplikatiounen dominéiert. Kloer dat d’Fuerfkombinatiounen alles anescht wéi traureg sinn an dat ass och gutt esou. Duerch den héighen Daach ass awer och d’Raumgefill lëfteg a mat Plaz gëtt net gegäizt. Hanne wéi vir sëtzt een nawell gutt a mat minimum 350 Liter Mallevolume kënnen och e puer Wallisse mat op d’Rees.
Den Undriw
Fiat wëll net nach emol de Feeler wéi beim leschte 500er maachen a proposéiert de Grande Panda direkt mat 3 Motorisatiounen. Reng elektresch, als Hybrid oder ganz klassesch als Bensinner mat Handschaltung. Zu Turin goung et elo em d’Zwittermotorisatioun; den 3-Zylinder-Turbo mat 100 PS an nach emol 28 elektresche Päerdercher ass fir den 1300 Kilo liichte Panda am Fong staark genuch fir all Situatiounen. A bleift mat ëm déi 5 Liter Verbrauch nach raisonnabel beim Duuscht. Iwwerrascht huet dee gudde Fiederungsconfort esouwéi déi relativ niddereg Fuergeräischer.
Am Résumé
Erfrëschend anescht a virun allem net méi wéi dat néidegst u Bord. Mam Grande Panda kéint ee glécklech ginn, wann engem staark Motoren, héichwäertege Plastik oder elektronesche Schnickschnack egal sinn. Dat bescht ass de Präis; bei ronn 18.000 Euro start den Hybrid ouni Optiounen – de renge Bensinner wäert deen Tarif nach emol ënnerbidden. Mol kucken ob de Grande Panda domat un den Erfolleg vu séngem Ur-Ur-Grousspapp uknäppe kann.