
Bonjour. Dat ass keen aaneren wéi de franséische President Emmanuel Macron. Dee war den 8. Mee eng éischter mat sénger DS 8 bei de Feierlechkeete fir 80 Joer Libératioun op de Champs Elysées ze gesinn.
Speaker: Also ass den DS 8 e luxuriése Modell?
Jo Porte drapeau fir d’Mark DS. Bon déi fir den Elysée ass en Unikat, mee och soss ass eng DS 8 e Modell am ieweschte Segment. Kënnt och op 4m 82, a wierkt ganz extravagant. Designlinn ass elregant gezeechent a kënnt am Wandkanal op en Top CW Wäert vun 0,24.
Wat mat sech bréngt dass d’Autonomie zumindest um Pabeier mat 750km rekordverdächteg héich ausfält.
Speaker: Kann en da säi Verspriechen halen, a wéi fiert e sech?
Net ganz. Mir waren op engem ganz ofwiesslungsräiche Parcours am franséischen a Schwäizer Jura ënnerwee, a koumen duerch e Verbrauch vun iwwer 22kw/h net drun erun. Mee 600 duierften dra sinn, och pas mal.
De Batterie Pak huet 75 oder 97 kw ze bidden. Leeschtung leit da bei 230 oder 350 PS.
Souverän Fuerleeschtunge si garantéiert, Traktioun op 4 Rieder ass méiglech an bis 190 à l’heure sinn am DS 8 dran.
Jo an et ass gelongen eng ganz bequeem Limousine fir op d‘Rees op d’Rieder ze stellen. D’Suspensioun mécht alles fir dass Passagéier näischt matkréien vu schlechte Stroossen.
Speaker: Komm mir luusse mol an den Interieur?
Haute couture française. Ganz elegant mat vill Lieder oder Alcantara, a nëmme ganz ënnen ass Plastik de „grande série“ ze spieren.
E bëssche futuristesch den Tableau de bord mat allem wat Info an Entertainment grad hir ginn.
D’Sëtzer, scho bal Fauteuilen bidden vill Confort, zumindest an der éischter Rei. An der zweeter sëtzt ee leider net esou kamout wéinst der Batterie. Schued grad fir esou eng nobel Limousinn.



Speaker: Mee de franséische President ass deen dann zefridden mat sénger DS 8?
Bon mir konnten e net selwer froen, mee e wollt op alle Fall déi Ekipp kenneléieren déi seng Versioun réaliséiert hunn, a bei DS ass een houfreg dass di 70 Joer al Traditioun, DS an Elysée viru geet.


Speaker: Fazit a Präisser?
Also mam avantgardisteschen DS 8 fält een op, dat ass gewëss. Op di Forme Sprooch elo der „grande masse“ gefält? Mol ofwaarden. Bestallt kann e scho ginn, kascht tëscht 56 000 an 73 000 Euro je no Versioun, an am September ginn di éischt dann ausgeliwwert.
Bis dohi war den Emmanuel Macron bestëmmt scho méi dacks mat sénger DS 8 ënnerwee.



